No EZB a FED
Och Groussbritannien an Norwegen erhéijen de Leetzëns

© CARLOS JASSO / AFP
Wéinst der Inflatioun setze bal alleguer d'Zentralbanken uechter d'Welt d'Leetzënsen erop.
No der Europäescher Zentralbank d'lescht Woch hat e Mëttwoch d'US Federal Reserve de Leetzëns ëm 0,75 % an d'Luucht gesat. Den Taux an den USA läit elo bei bei 3,75 bis 4%. An der Eurozon läit e bei 2%.
En Donneschdeg huet dann och d’Bank of England d’Zënsen ëm 0,75 Punkten, op 3 %, eropgesat. Fir England ass dat déi stäerkst Hausse zënter 33 Joer.
Och déi norwegesch Zentralbank hat en Donneschdeg de Leetzëns gehuewen. Dat ëm 0,25 %, op 2,5 %. Iwwerdeems huet déi norwegesch Zentralbank fir Dezember eng weider Hausse vum Leetzëns ugekënnegt.
Am meeschte gelies