Schosswaffe gehéieren einfach zum amerikanesche Lifestyle. Dat huet awer och seng Konsequenzen.

D’Joer ass eréischt 4 Wochen am Gaang a scho koum et an den USA zu 40 Masseschéissereien. Esou de Stand de 24. Januar 2023 vum Gun Violence Archive. Méi wéi 70 Leit hunn dëst Joer an esou Schéissereien hiert Liewe gelooss. D’Zuel vun de Blesséierten ass nach däitlech méi héich. A mir schwätzen hei eleng vun de Masseschéissereien.

D’Zuel vun den Doudegen duerch Waffen allgemeng, Accidenter a Suicide mat abegraff, läit fir 2023 scho bei méi wéi 3.000.

Bal zwou Masseschéissereien den Dag

Iwwert déi lescht 3 Joer léist sech dann eng éischter traureg Entwécklung feststellen. D’Zuel vun de Masseschéissereien ass vun 2019 op 2020 nämlech e gutt Stéck an d'Luucht gaangen, a bis 2022 och héich bliwwen. Sou kann ee soen, dass tëscht 2020 an 2022 bal 2 Masseschéissereien den Dag an den USA waren.

Grafik: Masseschéissereien iwwert déi lescht Joren

Méi Waffe wéi Awunner an der USA

Eng global Etüd vun 2018 huet an den USA 120 Waffe pro 100 Awunner gezielt. Déi aktuell Zuele wäerten awer vill méi héich sinn. Eleng tëscht Januar 2019 an Abrëll 2021 hu 7,5 Milliounen Amerikaner sech hir éischt Waff zougeluecht. Dëst geet aus enger Etüd vun 2022 ervir.