Soll d'NATO der Ukrain Kampffligere liwweren? Dat ass eng vun de Froen iwwert déi elo zwee Deeg am Siège vun der NATO zu Bréissel diskutéiert gëtt.

NATO-Verdeedegungsministeren zu Bréissel - Reportage Dany Rasqué

Um Dënschdeg gesi sech fir d'éischt eng 50 Länner an der belscher Haaptstad fir ënnert der Leedung vun den USA iwwert weider militäresch Ënnerstëtzung ze beroden. No dësem Rendezvous, am Prinzip am spéiden Nomëtten, kommen dann d'Verdeedegungsminister aus deenen 30 NATO Memberlänner zesummen.

Bei béide Reuniounen ass och den ukrainesche Verdeedegungsminister Resnikow dobäi an deen dierft nach emol ënnersträichen, wéi wichteg et der Ukrain ass, datt se Kampffligere kritt.

Dat hat jo och schonn de President Selenskyj gemaach, wéi en déi lescht Woch zu London, Paräis a Bréissel war an et ass eng Fro iwwert déi ee muss kënnen diskutéieren, sot den NATO Generalsekretär Jens Stoltenberg op enger Pressekonferenz am Virfeld vun de Rendezvousen.

Nach virun engem Joer war den NATO Generalsekretär géint Kampffligere fir d'Ukrain, hien huet drop higewisen, datt dat eng aner Situatioun war.

Deemools wier et ëm eng Fluchverbuetszone gaangen, déi vun der NATO sollt kontrolléiert ginn, haut géif et ëm Fligere goen, déi vun NATO Memberlänner kéimen an déi Kiew selwer géif asetzen.

Dat wier eng ganz aner Saach a géif d'NATO net an de Konflikt eran zéien, esou hire Generalsekretär. Dat dierften net all d’Memberlänner esou gesinn.

Tweet NATO

Notamment den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet virum Risiko vun enger Eskalatioun vum Krich gewarnt an och den US President Joe Biden hat gesot keng F-16 Kampffligeren op Kiew ze liwweren.

Egal wéi d'Alliéiert zu dëser Fro stinn, seet de Jens Stoltenberg, wier et wichteg der Ukrain elo esou séier wéi nëmme méiglech, déi Waffen a Munitioun ze liwweren, déi se versprach kritt huet an dat stellt e weidere Problem an de Mëttelpunkt. Am Krich gëtt den Ament vill méi Munitioun verbraucht wéi der ka produzéiert ginn. Dat setzt d'Rüstungsindustrie ënner Drock. Verschidde Waardezäiten hu sech méi wéi verduebelt a leie bei bis zu 28 Méint, seet de Jens Stoltenberg.

De presuméierte Spionageballon aus China an déi aner onbekannten Objeten, déi d'USA an och Kanada an de leschten Deeg erofgeschoss hunn, sinn e weidere Punkt um Ordre du Jour zu Bréissel.

De Jens Stoltenberg nennt déi Objeten en Deel vun engem Muster. China a Russland géifen d'Aktivitéiten vun hire Geheimdéngschter vis-à-vis vun den NATO Länner ausbauen.

Och dat géif weisen wéi virsiichteg d'Allianz misst sinn.