De President Selenskyj mécht "russesch Terroristen" fir d'Zerstéierung vum Staudamm responsabel. Moskau beschëllegt dogéint Kiew.

No der deelweiser Zerstéierung, d'Russe schwätze vun enger kompletter Zerstéierung vum Kachowka-Staudamm am Süde vun der Ukrain stinn Uertschaften an der Regioun Cherson ënner Waasser a Bewunner hu missen evakuéiert ginn. Déi ukrainesch Autoritéiten hunn ugefaange ronn 17.000 Mënschen a Sécherheet ze bréngen. Op der vu Russland occupéierter Säit vum Floss Dnipro solle weider 25.000 Mënschen evakuéiert ginn. Et gëtt geschat, datt Gebidder mat méi wéi 40.000 Awunner riskéieren, iwwerschwemmt ze ginn.

Aus der Ukrain heescht et, dass schonn eng 150 Tonne Maschinnenueleg an de Floss gelaf sinn. 300 weider Tonnen riskéieren och nach auszelafen.

De Peegel vum Floss Dnipro ass ëm ronn 12 Meter geklommen a bis ewell géife scho 600 Haiser ënner Waasser stoen. De Kachowka-Staudamm ass ronn 30 Meter héich an iwwer 3 Kilometer laang.

Déi komplett Stad Nowa Kachowka gouf Russland no vun de Waassermassen iwwerschwemmt. Russland an d'Ukrain maache sech géigesäiteg responsabel. De Selenskyj huet eng Drénglechkeetssëtzung vum Nationale Sécherheetsrot aberuff.

AKW Saporischschja wuel net a Gefor

International wiisst iwwerdeems d'Suerg, dass d'Atomkraaftwierk, dat mam Waasser aus dem Floss Dnipro gekillt gëtt, a Gefor kéint sinn. D'international Atomenergieagence IAEA huet bis ewell "keen onmëttelbare Risiko" gesinn. Experte wieren op der Plaz a géifen d'Situatioun observéieren. D'Wierk ass dat Gréisst an Europa a gëtt vum Waasser aus dem Stauséi gekillt. Aktuell steet d'Atomkraaftwierk ënnert der Kontroll vun der russescher Arméi.

D'Waasserkraaftwierk dogéint, dat um Staudamm drunhänkt, ass komplett zerstéiert ginn, heescht et en Dënschdeg de Mëtteg vum Operateur. D'Wierk huet Stroum fir e groussen Deel vun där Regioun geliwwert.

International Reaktiounen: Nei Dimensioun an dësem Krich

De Bundeskanzler Olaf Scholz gesäit am Virfall eng nei Dimensioun vum Krich an der Ukrain. D'Zerstéierung vum Kachowka-Staudamm wier eppes, "dat zu der Aart a Weis passt, wéi de Putin dëse Krich féiert", sou de Scholz en Dënschdeg. Et wier eng Entwécklung am Ukrain-Krich, "déi mir mat Suerg beobachten".

De Bundeskanzler huet awer eng eendeiteg Scholdzouweisung un d'Adress vu Russland vermidden, huet awer op Unzeeche fir eng russesch Responsabilitéit verwisen. Moskau hätt vill Réckschléi missen erliewen an doraus kéint ee schléissen, dass Russland der Ukrain mat nach méi Aggressioun begéint.

Ausmooss vu Situatioun nach schwéier anzeschätzen

Wéi eescht d’Situatioun wierklech ass, ass den Ament nach net kloer. D'Energieversuergung wär net a Gefor, heescht et vun der Ukrain.

Simulatiounen no wäerten a 15 bis 20 Stonnen den Hafen an d'Docks vu Cherson vun enger 4 bis 5 Meter héijer Flutwell getraff ginn, prognostizéiert de Verdeedegungsexpert Nico Lange op Twitter.

De vu Moskau agesate Buergermeeschter vun der Stad Nowa Kachowka, Wladimir Leontjew, huet betount, den Damm wier komplett zerstéiert. Et wier offensichtlech, dass eng Reparatur net méiglech wier. Dat confirméiert och den ukrainesche Bedreiwer.

Ukrain a Russland gi sech géigesäiteg d'Schold

D'Ukrain reprochéiert Russland virum héchste Geriicht vun de Vereenten Natiounen Staatsterrorismus. Den ukraineschen Ambassadeur Anton Korynevych schwätzt virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag vun engem geziilten Uschlag, deen d'Sécherheet vun der Bevëlkerung a Gefor setzt an zu schroen Ëmweltschied féiere kéint. "D'russesch Dote sinn déi vun engem terroristesche Staat". Moskau beschëllegt dogéint d'Ukrain.

Den ukrainesche Presidenteberoder Michailo Podoljak seet, Russland hätt de Staudamm gesprengt, fir d'Gebitt z'iwwerschwemmen an esou déi geplangten ukrainesch Géigenoffensiv ze behënneren. Déi vu Moskau agesaten Autoritéite mellen dogéint, de Staudamm wier "duerch e puer Ugrëff" vun der Ukrain deelweis zerstéiert ginn. De Kreml huet erkläert, et handelt sech "ëm virsätzlech Sabotage", fir d'Hallefinsel Krim vun der Waasserversuergung ofzeschneiden.

Den 30 Meter héijen an 3,2 Kilometer laangen Damm gouf 1956 beim Floss Dnipro als Deel vum Waasserkraaftwierk Kachowka gebaut. Deen doduerch entstanene Stauséi faasst ronn 18 Milliarde Kubikmeter Waasser a versuergt d'Atomkraaftwierk Saporischschja, souwéi déi vu Russland annektéiert Hallefinsel Krim.