Wéi däitsch Medien mellen, wäert de Museklabel Universal Deeler vun der Zesummenaarbecht mat der Band Rammstein bis op Weideres aussetzen.

D'Virwërf géint de Rammstein-Frontmann Till Lindemann hätten de Plackelabel schockéiert, heescht et an engem Statement vun Universal, deen ënner anerem der Süddeutschen Zeitung an dem NDR virläit. "Mir hunn de gréisste Respekt viru Fraen, déi sech an dësem Fall esou dabber ëffentlech geäussert hunn", esou eng Spriecherin vun Universal. De Label huet nodeem d'Virwërf bekannt goufen, de Marketing an d'Promotioun fir d'Albe vun der Band bis op Weideres op Äis geluecht.

Bei Universal ass een dovun iwwerzeegt, datt d'Autoritéiten elo d'Uschëllegunge missten opklären. Dat wier och am Interessi vun der Band.

Am Raum steet jo de Virworf, datt de Lindemann Fraen iwwer "Recruiter" eraussichen an zu Partien aluede gelooss huet. Do, esou beschreiwe verschidde Fraen et, hätte si Alkohol kritt. Verschiddene schwätze esouguer, datt si Sex mam Lindemann haten, dee si als "gewaltsam" empfonnt  hätten. Eng Irin, déi op engem Concert zu Vilnius war, geet esouguer dovunner aus, datt si eng Pre-Party-Drog an d'Gedrénks gemëscht kritt hätt.

D'Affekote vum Lindemann soten, datt d'Virwërf "net standhalen" géifen. Si géifen och géint all d'Uschëllegungen eng Plainte géint déi eenzel Persoune maachen.

Wärenddeem huet de Parquet vu Berlin confirméiert, datt Ermëttlunge géint de Lindemann wéinst méigleche Sexualdelikter an d'Verdeele vun Déidungsmëttel ageleet goufen.