Véier Doudeger an dräi Blesséierter zu Madrid

© DIEGO RADAMES / ANADOLU / Anadolu via AFP
Am Zentrum vu Madrid ass en Dënschdeg e Gebai an de Koup gefall. Nach ëmmer ass onkloer wisou et zum Ongléck komm ass.
Véier Leit sinn en Dënschdeg an der spuenescher Haaptstad Madrid ëm d'Liewe komm, wéi ee Gebai, wat am Ëmbau war, an de Koup gefall ass. D'Pompjeeën hunn d'Läiche gebuergen, sou d'Rettungsdéngschter e Mëttwoch de Moien der Chaîne RTVE géintiwwer. Zwou Läiche ware well en Dënschdeg am spéiden Owend, knapp zéng Stonnen nom Ongléck, an den Iwwerreschter vum Gebai fonnt ginn. Dat huet de Buergermeeschter vu Madrid, José Martinez-Almeida, matgedeelt. Zwou weider Persoune waren an der Nuecht op e Mëttwoch kuerz virun 3 Auer fonnt a gebuerge ginn.
Bei den Affer soll et sech ëm dräi Männer an eng Fra handelen, sou d'Autoritéiten. Bei der Fra soll et sech ëm d'Chef-Architektin vum Projet handelen. Beim Tëschefall waren och dräi Aarbechter blesséiert ginn.
D'Gebai mat dräi Etagen net wäit vun der bekannter Plaza Mayor ewech war en Dënschdeg géint 13 Auer deels an de Koup gefall. D'Ursaach vum Ongléck ass bis ewell nach onkloer. "Et ass nach ze fréi, fir driwwer ze schwätzen", sou de Martínez-Almeida.
Beim betraffenen Haus handelt et sech ëm ee fréiert Bürosgebai, dat zu engem Hotel ëmgebaut soll ginn. D'Baugeneemegung fir de Projet war am Februar erausgaangen.