All ageschneiten Touristen um Mount Everest gerett

© HANDOUT / Courtesy of FeiFei / AFP
Honnerten Touristen, déi um Mount Everest vun engem heftege Schnéistuerm iwwerrascht gi waren, sinn a Sécherheet.
Nom schwéiere Schnéistuerm an der Géigend vum Osthang vum Mount Everest am Tibet sinn déi ageschneit Touristen a Sécherheet bruecht ginn. Dat huet déi chineesesch Noriichtenagence Xinhua en Dënschdeg den Owend Lokalzäit matgedeelt an huet sech op déi lokal Autoritéite beruff. Deemno si 580 Touriste wéi och iwwer 300 lokal Betreier sécher vum Bierg erofkomm.
Duerch de Schnéistuerm de Weekend ware Weeër zougeschneit an Zelter vun de Schnéimassen agedréckt ginn. Knapp 900 Leit souzen de Weekend um Osthang vum Mount Everest fest. Den Autoritéiten no hate sech d'Touristen am sougenannte Karma-Dall op enger Héicht vu 4.900 Meter opgehalen. Mat 8.849 Meter ass de Mount Everest den héchste Bierg vun der Welt.
Schonn e Samschdeg den Owend haten d'Autoritéite matgedeelt, datt ronn 350 Touristen a Sécherheet konnte bruecht ginn. Och déi weider Touristen um Bierg sinn deemno elo a Sécherheet.
Och aner Regiounen am Weste vu China ware vum plëtzleche Wanterabroch betraff. An der Provënz Qinghai waren am Ganzen 251 Wanderer no deeglaanger Sich gerett ginn. Hei war eng Persoun ëm d'Liewe komm. Den Autoritéiten no ass si duerch Ënnerkillung an d'Héichtekrankheet gestuerwen.