Et gëtt vill Luef fir déi Ried, déi de Luc Frieden virum Europaparlament gehalen huet. Natierlech aus den eegene Reien, mä net nëmmen. 

De liberalen Europadeputéierten Charel Goerens huet vun engem gudden Dag fir Lëtzebuerg geschwat. Den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel seet, et wier kloer ginn, dass de Luc Frieden sech fir e staarkt a gëeent Europa asetzt an déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet d'Ried och als pro-europäesch gelueft a war frou, datt de Lëtzebuerger Regierungschef ënnerstrach huet, wéi wichteg Schengen an e Recht op Asyl sinn.

D'Lëtzebuerger EU-Deputéiert reagéieren op d'Ried vum Luc Frieden am Parlament

Mat esou ville "bonne Notten" geet et awer net virun. Nee, et gëtt och Kritik.

Fir bei der grénger Europadeputéierter Tilly Metz ze bleiwen. Déi fënnt, datt de Luc Frieden eng almoudesch Vue op d'Notioun vu Kompetitivitéit a Sécherheet huet:
 
"Zur Kompetitivitéit gehéiert och d'Sozialkohesioun an d'Dekarboniséierung. Dat soen och Draghi a Letta, déi hie wuel erwäänt huet, awer d'Dekarboniséierung séier wéineg. A wat mer wierklech gefeelt huet, ass wierklech vun der sozialer Gerechtegkeet ze schwätzen a vun den héije Liewenskäschten, déi ganz vill Leit hunn. Zemools zu Lëtzebuerg, wa mer iwwer Wunne schwätzen, awer dat ass e Problem och queesch duerch Europa, datt mer jo awer net wëllen, datt just Wuelverdénger sech gutt isoléiert Haiser kënne leeschten. Soss ass ee wierklech an engem Däiwelskrees vun héijen Energiepräisser an ongesonde Wunnbedéngungen."
 
Déi sozial Dimensioun huet och den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel am Luc Frieden senger Ried zu Stroossbuerg vermësst:
 
"Bon, en ass jo zu Lëtzebuerg elo net bekannt, dass dee grousse Sozialpolitiker, mee ech mengen déi sozial Dimensioun vun Europa, déi ass a senger Ried net virkomm. An dat hunn ech wierklech schued fonnt. Besonnesch Problemer wéi Logement, wat net nëmmen e Problem zu Lëtzebuerg ass, mee iwwerall elo an Europa e grousse Problem ginn ass. Do hätt e kéinten opruffen a soen: 'Do musse mer als Memberstaaten, zesumme mat Europa, zesumme mat de Regiounen an de Gemengen, Solutioune fannen.' Et ass en Theema, wat d'Leit interesséiert. En huet sech och net vill mat de Problemer vun der Kafkraaft vun de Biergerinnen a Bierger ofginn. Dat sinn déi Problemer, déi d'Mënschen am Alldag hunn."
 
De Marc Angel huet et zwar begréisst, datt de Luc Frieden a senger Ried d'Erweiderung ugeschwat huet, mä bei deem Sujet hätt een an den Ae vum LSAP-Politiker och missen driwwer schwätzen, a wéi wäit datt ee Reegele kann änneren, fir datt Europa besser funktionéiert.

Och dem liberale Charel Goerens sinn dem Luc Frieden seng Aussoen a Saachen Erweiderung net duergaangen:
 
"Wat ech do vermësst hunn, war allerdéngs méi e kloert Bekenntnis zu der Noutwendegkeet fir Traitéen ze änneren, fir datt d'Europäesch Unioun, déi elo awer schonn op ville Punkte schlecht fonctionéiert, zu 27, datt déi, wa mer eng Kéier zu 28, 30, 35 sinn, ka wierklech besser performéieren. De Vertrag, d'Ännerung vun de Verträg ass a mengen Aen e Punkt, dee muss ëmmer erëm rappelléiert ginn, besonnesch vun engem Grënnungsland wéi Lëtzebuerg, fir datt mer endlech kënnen déi verdammten Eestëmmegkeet hanner un eis loossen."
 
D'Tilly Metz betount nach, datt Europa a Lëtzebuerg elo Politikerinnen a Politiker bréichten, déi de Leit wierklech kéinten nolauschteren an Empathie fir hir d'Suerge hätten.

Dës Woch stinn am EU-Parlament nach eng ganz Rei aner interessant Sujeten um Ordre du Jour. Et geet zum Beispill ëm eng Vereinfachung vun der gemeinsamer Agrarpolitik, d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen muss sech fir déi zweete Kéier bannent sechs Méint engem Mësstrauensvott stellen, déi mental Gesondheet ass en Thema an da geet et nach ëm déi däreg Fro ob den Begrëff "Veggie-Burger" weiderhin dierf benotzt ginn oder ob ee just vun engem Burger dierf schwätzen, wa Fleesch drop ass.