Sécherheetsbarrière op Kiermes-Attraktioun an der Belsch opgaangen

© Facebook / 112Com
E Sonndeg koum et an der Belsch zu engem schroe Virfall op enger Kiermes, der Fête foraine de la ducasse de La Hestre.
Wéi Zeien ausgesot hunn, wier d'Sécherheetsbarrière vun enger Attraktioun Schold um Incident. De System, deen dofir suergt, dass d'Gäscht um Spill op hire Plaze bleiwen, wier lassgaangen a siwe Persoune wieren aus der Struktur geschleidert ginn.
Den zoustännege Buergermeeschter huet e Sonndeg confirméiert, dass all d'Affer Bréch hätten. Dräi Persoune goufe méi schro verwonnt. De Rettungsekippen no wieren déi siwen Affer op der Onglécksplaz uspriechbar gewiescht.
De Buergermeeschter huet awer och confirméiert, dass "all néideg Kontrolle gemaach gi wieren". De Responsabele vun der Attraktioun hätt donieft och en Dokument, dass hien d'Spill "Rock'n'Roll" bedreiwen dierf. Hie gëtt awer lo vun der Justiz gehéiert, fir erauszefannen, wat zum Accident geféiert hat.
D'Kiermes ass de Moment net zougemaach ginn, just eben dat concernéiert Spill.
Et ass net fir d'éischt, dass et zu esou engem Virfall op enger Kiermes koum. Viru knapp enger Woch, ass e Jonke vu 17 Joer bei engem uergen Accident op enger Attraktioun an engem Park zu Cap d'Adge am Süde vu Frankräich ëm d'Liewe komm.
Hei war eng Klunsch Ufank August, déi mat elastesche Seeler ugezunn an dono 60 Meter an d'Luucht geschoss gëtt, duerch ze vill Wandstéiss un d'Schwanke geroden a war e puer Mol ageknuppt. D'Attraktioun mam Numm "Adrénaline" ass nom déidleche Virfall komplett zougemaach ginn.