Am Department Pyrénées Orientales goufe virop Campinge geraumt. D‘Feier hat sech iwwer 500 Hektar ausgebreet.

Am Süde vu Frankräich war e Méindeg den Owend tëscht Saint-André an der bekannter Vakanzendestinatioun Argelès-sur-Mer um Mëttelmier, westlech vun der Groussstad Perpignan no un der spuenescher Grenz e gréissert Feier ausgebrach. Am Departement Pyrénées-Orientales stoung d'Vegetatioun a Flamen.

D'Rettungsekippe ware mat 13 Fligeren, 3 Helikopteren an iwwer 600 Pompjeeën am Asaz, fir d'Flamen ze meeschteren.

E Méindeg den Owend ware véier Campinge mat knapp 3.000 Touristen evakuéiert ginn.

Violent incendie dans le sud de la France
Plus de 3.000 personnes ont été évacuées de différents campings lundi dans les Pyrénées-Orientales.

Buergermeeschter beschreift Situatioun als "katastrophal"

"Et ass eng Situatioun, déi katastrophal ass", sou de Buergermeeschter vu Saint-André, Samuel Moli, géintiwwer der Chaîne France Bleu e Méindegowend. "Mir si mat engem Brand konfrontéiert, wéi mir en nach ni gesinn hunn", sou de Buergermeeschter. "Eis Gemeng ass schwéier betraff an et gëtt vill Schued."

En Dënschdeg de Moie koum dunn d'Erliichterung. De franséischen Inneminister Gérald Darmanin huet Entwarnung ginn an huet op X matgedeelt, datt d'Feier ënner Kontroll wier. D'Feier hat sech iwwert eng Fläch vu 500 Hektar ausgebreet. "Vill Haiser goufe gerett. Ee Camping gouf zerstéiert, ronn 800 Mënschen hu misse relogéiert ginn", sou nach den Darmanin.

Zu Argèles-sur-Mer ass e Camping komplett zerstéiert ginn. Iwwer 300 Leit goufen an enger Sporthal ënnerbruecht, wou se drop waarden, relogéiert ze ginn, oder heem ze fueren.

De lokalen Autoritéiten no goufe 17 Pompjeeë liicht blesséiert, een huet no enger Chute missen an d'Klinik ageliwwert ginn. Eng 30 Haiser goufe beschiedegt, genee wéi eng Lagerhal. Den Zuchverkéier hat fir e puer Stonnen tëscht Perpignan an der spuenescher Grenz missen ënnerbrach ginn.

Wéinst den héijen Temperaturen an der Dréchent bleift d'Situatioun awer weider ugespaant.

Och a Portugal kämpfen d'Pompjeeë weider mat den uerge Bëschbränn. Do konnten d'Evakuéierunge Schlëmmeres verhënneren.

De ganze Mëttelmier-Raum erlieft zanter Wochen tropesch Temperaturen, mat engem Summer, dee sou waarm war, wéi nach kee virdrun. Experte rechne mat Konsequenze wéi Aartestierwen, well och d'Waassertemperaturen extrem geklomme sinn.