Pompjeeë kréien d'Bëschbränn op Teneriffa net an de Grëff

© AFP
De Regionalpresident Fernando Clavijo schwätzt vum "komplizéiertste Feier" op de kanareschen Inselen zanter véier Jorzéngten.
D'Pompjeeën op Teneriffa kréien d'Flamen net an de Grëff. D'Nuecht wier haart gewiescht, sou de Regionalpresident Fernando Clavijo.
D'Feier war en Dënschdeg den Owend am Nordoste vun Teneriffa ausgebrach a bis en Donneschdeg sinn den Autoritéiten no, an engem Ëmkrees vun 30 Kilometer, méi wéi 3.300 Hektar Terrain verbrannt. Dat entsprécht enger Surface vu bal 5.000 Futtballterrainen.
Ronn 10 Dierfer an der bei Touriste beléifter Regioun goufen evakuéiert, sämtlech Stroossen, déi an d'Bierger am Nordoste vun der Insel féieren, goufe gespaart. D'Awunner vum Uert La Esperanza, ronn 5 Kilometer nërdlech vum Fluchhafen, goufen opgefuerdert, hir Haiser net méi ze verloossen. Am Ganze si 7.600 Mënsche vun de Moossname betraff.
Iwwer 250 Pompjeeën an Zaldote vun der Nouthëllef-Unitéit UME souwéi 17 Fligeren an Helikoptere waren en Donneschdeg am Asaz.
Op de Kanaren, déi zu Spuenien gehéieren, gouf et viru kuerzem eng extrem Hëtztwell, déi a ville Regioune fir Dréchent gesuergt hat an domat och d'Gefor fir Bëschbränn massiv erhéicht hat. Eréischt am Juli hat et op der Nopeschinsel La Palma hefteg gebrannt. Dobäi ware bannent e puer Stonnen iwwer 4.500 Hektar Land, 2.500 Mënschen hu missen hiert Doheem verloossen.