Um G-20 Sommet an Indien si Spekulatiounen iwwert eng Ännerung vum Numm vum Land méi haart ginn. Wat bedeit dat a firwat soll den Numm geännert ginn?

Huet d'Regierung ëm de Premier Modi wëlles Indien a Bharat ëmzebenennen? Nimm vu Länner an dann och hir Ännerunge sinn dacks politesch motivéiert, sou de Régis Moes, Conservateur am Nationalmusée um Fëschmaart:
"An Indien ass dat zum Beispill elo och eng Iwwerleeung vun der Partei, déi um Pouvoir ass, déi éischter hinduistesch gepräägt ass, fir dann do och den hinduistesche Charakter ervirzehiewen. Et ass ëmmer e politesche Prozess ee Moment, wou ee wëllt, wann een den Numm ännert vun engem Land, wou ee wëllt weisen: hei, mir änneren eppes par Rapport zu virdrun."

Extrait Régis Moes

An Indien gëtt sech och op d'Verfassung beruff, an där Indien och als Bharat bezeechent gëtt. Den historeschen Numm Indien gouf am 18. Joerhonnert vun de Britten iwwerholl, fir eben dat Gebitt ënner brittescher Kolonialherrschaft ze bezeechnen. Den Numm geet op de Floss Indus zréck; Bharat leet sech vu Bharata of an dat soll den Numm vun engem legendäre Kinnek gewiescht sinn, dee vun den Hinduen als Papp vum indesche Vollek ugesi gëtt. Op enger Sonnersëtzung vum Parlament vum 18. bis den 22. September soll dann decidéiert ginn, wéi Indien an Zukunft heesche wäert. Déi kolonialistesch Vergaangenheet huet vill Länner dozou verleet, hiren Numm ze änneren, do kann een och de Ghana nennen, eng vun den éischte Kolonien an Afrika, déi onofhängeg gouf.
"Dat ass d'Gold Coast, dat ass den haitege Ghana. Direkt bei der Independance Enn der 50er Joren, huet den deemolege Leader vun der Independance den Numm vum Ghana an Erënnerung un de prékoloniale Staat, un den Empire du Ghana, eigentlech erëm opliewe gelooss fir ze weisen, dass säi Land net den Héritier wier vun der Kolonisatioun duerch d'Britten", sou de Régis Moes weider.

Extrait Régis Moes

De Kolonialismus huet a ville Länner uerg Wonnen hannerlooss, a mat der Nummännerung wëll een dee Passé ad acta leeën, och wann et alt laang Joren no der Onofhängegkeet geschitt, wéi am Burkina Faso. En Numm, dee sech aus den 2 Sprooche vum Land zesummegesat huet.
Swasiland kann een och nennen, 2018 gouf fir de 50. Anniversaire vun hirer Onofhängegkeet d'Land an Eswatini ëmbenannt, wat op Swasi esou vill heescht wéi Land vun de Swasi. Och op eisem Kontinent goufen et eng Rei Länner, déi hiren Numm hu missten adaptéieren, Beispill Tschechoslowakei.