D'Unzuel vun den Affer ass nach net auszemaachen, ma si huet sech nëmmen een Dag no de schroe Biewen an Afghanistan méi wéi verduebelt.

An 13 Dierfer sinn op d'mannst 2035 Mënschen ëm d'Liewe komm, 1.240 weiderer wiere blesséiert ginn. Dat mellt de Regierungsspriecher Sabihullah Mudschahid e Sonndeg op der Online-Plattform X. Hie berifft sech dobäi op de Katastropheschutz. 1.320 Haiser goufe komplett zerstéiert.

Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no goufen an op d'mannst 12 Dierfer iwwer 600 Haiser zerstéiert oder deelweis uerg beschiedegt. Betraff wieren eng ongeféier 4.200 Mënschen.

Nach ëmmer gëtt mat Schëppen a bloussen Hänn no Leit gesicht, déi verschott goufen, iwwerdeems vill Mënschen, besonnesch Fraen a Kanner, an der Nuecht hu missen am Fräie schlofen, dat bei äiseger Loft.

En Äerdstouss vu 6,3 op der Richterskala hat de Buedem an der Regioun ëm d'Provenzhaaptstad Herat un d'Wackele bruecht. Den Epizenter louch deemno 40 Kilometer nordwestlech vun Herat, der gréisster Stad an der Regioun. D'Autoritéiten hu spéider nach aacht Nobiewe gemellt mat enger Stäerkt tëscht 4,3 a 6,3 op der Richterskala.

An Afghanistan kënnt et ëmmer nees zu Äerdbiewen, besonnesch am Hindukusch, wou d'Indesch an déi Eurasesch Kontinentalplacken openeestoussen. Donieft si vill Haiser am Land schlecht gebaut, déi esou Äerdstéiss guer net packen.

Am Juni d'lescht Joer waren e puer dausend Mënschen ëmkomm no engem Biewe vun enger Stäerkt vu 5,9 an der aarmer Provënz Paktika. Zéngdausende Mënschen haten do hiert Doheem verluer.