Globale Kueleverbrauch 2023 sou héich wéi nach ni

© AFP
Et gouf nach ni sou vill Kuel op der Äerd verbraucht wéi 2023. Déi weltwäit Nofro hätt dëst Joer bei 8,53 Milliarden Tonne geleeën.
Wéi déi International Energieagence IEA e Freideg matdeelt, ass de globale Verbrauch vu Kuel an dësem Joer méi staark gewuess wéi erwaart. Am Juli hat d'Agence nach mat enger Hausse ëm 0,4 Prozent op ronn 8,4 Milliarden Tonne gerechent, elo geet d'IEA vun enger Hausse ëm 1,4 Prozent op ronn 8,5 Milliarden Tonnen aus, wat e Rekord wier.
Zréckzeféiere wier d'Entwécklung virun allem op Länner wéi China, Indien, Indonesien, Vietnam an de Philippinnen. Déi 5 Länner maachen iwwer 70 Prozent vum globale Kueleverbrauch aus, wat méi wéi duebel esou vill ass, wéi nach um Ufank vum Joerdausend. An de Länner China an Indien géing de Verbrauch vun enger staarker Stroumnofro an enger gerénger Waasserkraaftproduktioun ugedriwwe ginn.
Wéi d'IEA weider erkläert, gläicht de Wuesstem vum Kueleverbrauch an Asien déi staark Réckgäng an anere Regiounen op der Welt méi wéi aus. Dorënner d'USA an d'EU-Länner, wou sech déi international Energieagence dëst Joer Rekord-Baissë vun iwwer engem Fënneftel erwaart. Global gesinn, fält dat awer bal net an d'Gewiicht, well d'USA an d'EU-Länner mat zesumme ronn 700 Milliounen Tonnen nëmmen nach fir ronn 8 Prozent vum Verbrauch stinn. Am Verglach kënnt China 2023 op ronn 4,7 an Indien op 1,3 Milliarden Tonnen.
Am nächste Joer rechent déi International Energieagence e Réckgang vum Verbrauch vu Kuel. "Déi stänneg Réckgäng an de Vereenegte Staaten an der Europäescher Unioun wäerte warscheinlech duerch méi geréng Produktiounsquantitéiten an Indonesien ergänzt, well déi chineesesch Nofro no Kraaftwierkskuel, déi iwwer d'Mier transportéiert gëtt, zréckgoe wäert", schreift d'IEA an hirem Rapport.
2026 soll de globale Kueleverbrauch mat ronn 8,4 Milliarden Tonnen 2,3 Prozent ënnert dem aktuellen Niveau leien. Ob et wierklech dozou kënnt, hänkt allerdéngs vun der Entwécklung an Asien of.