An eisem Joresréckbléck geet et dës Kéier ëm de Krich an der Ukrain, deen a sengem zweete Joer sou gutt wéi an enger Sakgaass ukomm ass.

Op déi laang erwaarten ukrainesch Konteroffensiv hat déi russesch Arméi vill Zäit sech virzebereeden, mam Resultat, dass béid Säite gréisstendeels just nach hir Positiounen halen.

Fortschrëtter fir d’Ukrain gouf et wuel um diplomatesche Plang. D’Ukrain ass elo EU- an Nato-Bäitrëttskandidat, mee déi militäresch Hëllef vu baussen hëlt of.

De Petz Bartz mat engem Réckbléck iwwer déi lescht 12 Méint vun engem Krich op der ëstlecher Baussegrenz vun der EU.