Krich am Noen Osten
Zanter 12 Woche steet Israel an enger massiver Militäroffensiv op d’Gazasträif.
Den Ausléiser waren déidlech Attacke vun der militanter Hamas op Zivilisten an Israel an d’Entféierunge vu Mënschen. Iwwer 20.000 Doudesaffer ginn op palästinensescher Säit mëttlerweil beklot. Dem deklaréierten Zil, d’Hamas ze zerstéieren, ass een allerdéngs bis elo net méi no komm.
Iwwer Joren hat d’Hamas sech virbereet an equipéiert, Waffe kaaft an zum Deel selwer entwéckelt an déif ënnert dem Buedem vun der Gazasträif e komplexen Tunnelsystem gegruewen. Dat war wuel bekannt.
De 7. Oktober da war et esouwäit. Militanter vun den al-Qassam-Brigaden, dem arméierten Aarm vun der Hamas, hu mat brutaler Gewalt déi israelesch Grenzen duerchbrach. Si hate Verstäerkung vu Verbänn vun den al-Quds-Brigade vum Islameschen Jihad. Parallel dozou hunn déi militant Palästinenser mat engem Barrage vu Rakéite Stied an Israel attackéiert.
Israel gouf iwwerrascht. Weder Shin Bet, nach Aman, nach Mossad - kee vun den 3 israeelesche Geheimdéngschter war allem Uschäin no virbereet. An och Stonnen no den Attacken huet d’Arméi eréischt reagéiert.
Déi palästinensesch Brigaden hu blannemännerches an Israel, an der Grenzregioun zu Gaza, op Ziviliste geschoss. Iwwer 1.200 Awunner sinn an den terroristeschen Attacken ëm d’Liewe komm. A Kibbuzen, déi iwwerfall goufen, wiere Frae vergewaltegt ginn. Iwwer 200 Persoune goufen als Geisel mat zeréckgeholl an d’Gazasträif.
Stonnen drop stoung Israel am Krich.
Loftattacke waren den Ufank vun enger wochelaanger Offensiv op d’Gazasträif. Dat deklaréiert Zil zu Tel Aviv war d’Hamas, déi d’Gazasträif regéiert. An der Realitéit kruten awer déi palästinensesch Zivilisten den Haass an d’Revanche vum israeelesche Militär ze spieren.
Yoav Gallant, israeelesche Verdeedegungsminister: Den Hamas wäert séier mierken, dass en e schwéiere Feeler gemaach huet. Si wäerten duerfir bezuelen. Viru 15 Joer war ech Chef vum Militärkommando am Süden an ech war no drun, der Hamas d’Genéck ze briechen. D’Politik huet mech gestoppt. Dat geschitt net nach eng Kéier.
Och mat Haass geseent war een deem Zil, d’Hamas aus der Loft ze zerstéieren, net gewuess. Enn Oktober koum déi zweet Phas.
Benjamin Netanyahu, israeelesche Premier: Zanter gëschter Owend sinn ons Buedemtruppen an der Gazasträif. Et ass déi zweet Phas vum Krich an d’Missioun ass kloer: déi militäresch Capacitéite vun der Hamas ze zerstéieren an ons Geiselen heem ze bréngen.
Mahmoud Abbas, palästinensesche President: Ons Leit an der Gazasträif erliewen e Genozid. Den israeelesche Militär massakréiert se an d’Welt kuckt no.
Mat den Deeg a Woche vun der israeelescher Militärcampagne wiisst d’Leed an d’Nout vun der Zivilpopulatioun an der isoléierter Gazasträif. Et besteet keng sécher Plaz méi, fir sech zeréckzezéien an deem klengen, schmuelen, agespaarten Territoire.
Och Attacken op Schoulen oder Spideeler si kee militäreschen Tabu méi. D’Hamas géif d’Infrastrukturen notzenn fir sech hannert den Zivilisten ze verstoppen, sou déi israeelesch Krichsregierung. Ënnert dem al-Shifa-Spidol wier den État-Major vun den al-Qassam-Brigaden oder d’Plaz, wou d’Geisele festgehale géifen, dovu war een ausgaangen. Et war awer weder dat eent nach dat anert.
Nieft de Geisele sicht Israel nom Yahya Sinwar, dem militäresche Kapp vun der Hamas, de Chef-Kommandant vun den al-Qassam-Brigaden. De Mann gëtt als den Haaptresponsabelen ugesinn vun der Terrorattack de 7. Oktober.
Et dauert Wochen, bis dass vu Katar an Ägypten ausgehandelt gëtt, de Grenzpunkt vu Rafah, am Süde vun der Gazasträif, zu der Sinai-Hallefinsel opzemaachen, fir dréngend noutwenneg humanitär Hëllef an d’Gazasträif eranzeloossen. Ouni Wafferou ass d’Initiativ awer quasi net ëmzesetzen.
"Hei si se! Kanner. Mir fëlle Säck mat Kanner. Mir stiechen hir Reschter a Säck, a Säck." Och Spideeler zu Beit Lahia an zu Khan Younis gi weider viséiert. D’Afferzuel klëmmt flagrant. Déi international Communautéit gëtt ongedëlleg mat der Dauer vun der israeelescher Invasioun, mat der disproportionéierter Gewalt. Just d’USA stinn hannert hirem Partner am Noen Osten a mussen op der UNO Vetoe beméien, fir Hand iwwer Tel Aviv ze halen. Aus enger kuerzer taktescher Victoire riskéiert awer eng strategesch Defaite ze ginn.
Ismail Haniyeh, Chef vun der Hamas: Déi arrogant Band soll wëssen, dass se am Sand vu Gaza ënnerginn. Et wäert se vill kaschten, och d’Liewe vun de Geiselen, déi der selwechter Zerstéierung an dem Doud ausgesat si wéi ons Leit.
Effektiv wiisst och an Israel den Drock op d’Regierung mat Protester. Fir d’Famillje vun de Geiselen ass d’Befreiung eng Prioritéit. Fir déi israeelesch Polit- a Militärféierung awer de Krich géint d’Hamas. Dem Militär ass et bis ewell just gelongen, eng eenzeg Geisel wierklech selwer ze befreien an a Sécherheet ze bréngen. 3 israEelesch Geiselen dogéint goufe scho vum israEelesche Militär erschoss.
Mat Succès huet Katar dann am November 4 Deeg Wafferou ausgehandelt. Iwwer 100 Geisele koume fräi. Nach sinn der iwwer 120 awer an der Gewalt vun der Hamas. Als Géigeleeschtung huet Israel Palästinenser aus israeelesche Prisongen entlooss.
Béid Krichsparteie stinn e puer Deeg méi spéit erëm am Krich. De Konflikt huet awer net, wéi ugangs gefaart, am vollen Ëmfank op de Süde vu Libanon an dat illegal besate Westjordanland iwwergegraff – och wann arméiert Konfrontatiounen och do d’Reegel sinn.
Et besteet kaum Aussiicht op eng nei Wafferou. Israel bleift bei der Taktik vun der massiver Force amplaz vun der chirurgescher Interventioun an d’Hamas léisst et drop ukommen a mierkt, dass Israel net méi den Narrativ vun dësem Krich kontrolléiert. Hallef plakeg palästinensesch Gefaangener ze filmen a virun der Welt ze humiliéieren, ass als Propaganda-Fiasko wéi e Boomerang zeréckkomm.
Och Washington gëtt ongedëlleg.
Joe Biden, US-President: Ech soen iech et ass net eriwwer, bis dass eng Zwou-Staate-Léisung kënnt. Ech hunn Israel dat gesot: et wier e grousse Feeler ze mengen si géife Gaza besetzen a besat halen. Ech mengen net, dass dat geet.
Fir de Moment besteet just e Plang fir d’Tunnelen ënnert der Gazasträif mat Mierwaasser z’iwwerschwemmen. Et wier eng Ëmweltkatastroph. Gaza hätt domat keen Drénkwaasser a keng Agrikultur méi. Internationalem Vëlkerrecht no wier dat Verbriechen een Element vun engem Genozid.