Serie Réckbléck
Déi international Aktualitéit 2023 Revue passéiere gelooss
2023 gouf op der Äerd nees gekämpft a protestéiert. Et goufe Skandaler, grouss Feierlechkeeten an awer och nees vill Naturkatastrophen.
Méi wéi 1,3 Milliarden US-Dollar huet de Kino-Blockbuster 2023 "Barbie" weltwäit agespillt. Schéi wier et, wann ëmmer alles sou roseg wéi an der Barbie-Welt wier. Ass et awer leider net.
Et goufe Momenter vun der Freed, mee leider gouf och vill getrauert. Bei all deem Leed kann ee just hoffen, datt mam Joreswiessel eng Zäit vu méi positive Noriichten uechtert d’Welt agelaut gouf an datt den "Happy New Year" net just eng Floskel ass.
Am meeschte gelies