De Krich an der Ukrain, den Doud vum russeschen Oppositionellen Nawalny an déi méiglech israeelesch Offensiv op Rafah sinn d'Themen op dësem Sommet.

"Et ass ze fréi, fir Conclusiounen ze zéien", sot de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel e Méindeg de Moien am Virfeld vum Conseil vun den EU-Ausseministeren zu Bréissel iwwert den Doud vum russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny. Ënnert anerem ass eng Entrevue mat deem senger Fra geplangt.

D'Brutalitéit, mat där de russesche President Putin géint d'Fräiheet a Russland virgeet, wier enorm an den Nawalny hätt fir säin Engagement misse mat sengem Liewe bezuelen, huet déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock ënnerstrach:

"De Geescht vun der Fräiheet kann een ni komplett roueg kréien. Dofir ass et wichteg, datt mer däitlech maachen, datt den Nawalny ee vun de siichtbaarsten Oppositionelle war, mä vill aner Leit fir hiert Antriede fir d'Fräiheet vu Russland an d'Leit a Russland brutal a Prisonge festgehale ginn."

Eng Reaktioun vun der EU op den Doud vum Nawalny wier verfréit, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel:

"Ech mengen, datt Transparenz wichteg ass, mä et war kee vun eis do, dofir soll ee keng Spekulatioune maachen. Ech waarde bis Conclusiounen do sinn a kann haut just senger Fra eist Matleed ënnersträichen an dat exemplarescht Engagement vun hirem Mann."

De Krich an der Ukrain ass natierlech och e Sujet. Et géif ee weider un der Säit vun der Ukrain stoen an dat soulaang et néideg wier, huet déi däitsch Ausseministesch betount. Stéchwuert Sanktiounen:

"Mir sinn dobäi, en 13. Sanktiounspak ze decidéieren, virun allem mam Bléck op d'Fro, wat Dronen ugeet. Mir sinn do op de leschte Meteren a kënnen deen hoffentlech gläich ofschléissen."

Wat de Krich am Noen Osten ugeet, ass et den Appell vun der EU, datt déi geplangte Militäroffensiv op d'Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif net dierf stattfannen. De Xavier Bettel:

"Mir riskéieren éischtens, eng humanitär Kris ze kréien, an zweetens, eng Katastroph, wa se do amarschéieren, well do kann ee net cibléiert Aktiounen hunn."

Den EU-Aussebeoptragte Joseph Borrell huet iwwerdeems op en Neits ënnerstrach, datt ee weider fuerdert, datt d'Geisele fräigelooss ginn an e permanente Waffestëllstand verlaangt.

Sommet EU-Ausseminister / Reportage Claudia Kollwelter