USA
Aus dem Verdeedegungsministère gëtt elo offiziell de "Krichsministère"

© AFP
"Defense" kléngt dem US-President ze defensiv, dofir gëtt de Verdeedegungsministère elo op "Krichsministère" ëmgedeeft.
Den Donald Trump, dee sech jo soss gär als President presentéiert dee Kricher op en Enn bréngt, huet gëschter am Oval Office en deementspriechend Dekret ënnerschriwwen an de Minister Pete Hegseth och schonn als "Krichsminister" ugeschwat. "Defense" géif him ze defensiv kléngen, sou d'Argumentatioun vum Chef vum Wäissen Haus. D'US-Regierung wéilt mam neien Numm déi militäresch Stäerkt vun de Vereenegte Staaten demonstréieren. Den Internetsäit vum Pentagon affichéiert sech och schonn mam neien Numm "US Department of War".
Am meeschte gelies