An de leschte Méint huet d'Gewalt vun den arméierte Banden zu Port-au-Prince enorm zougeholl an den haitianesche Gesondheetssystem ass um Zesummebriechen.

Och nom Récktrëtt vum ëmstriddene Ministerpresident Ariel Henry huet d'Gewalt am Inselstaat net nogelooss. Arméiert Bande kontrolléieren ongeféier 80 Prozent vun der Haaptstad Porte-au-Prince, souwéi vill aner Regiounen a Stroossen am Land. D'haitianesch Autoritéiten a kriminell Banden treffen ëmmer rëm an déidlechen Ausernanersetzungen openeen. Och hu sech iwwerall am Land kleng arméiert Milize forméiert, fir déi eegen Noperschaften ze beschützen.

Déi national Police kritt d'Gewaltausbréch net méi ënner Kontroll. Den Noutzoustand ass verlängert ginn an et gëtt mëttlerweil vun enger UN-Missioun geschwat, bei där Kenia 1.000 Poliziste bereetstellt an a Richtung Haiti schécke soll.

Ongeféier 5.000 Mënschen hunn hiert Liewen duerch de Bandenterror verluer an dem haitianesche Büro vun der International Organisatioun fir Migratioun, kuerz IOM, no si ronn 360.000 wéinst der Gewalt op de Stroossen op der Flucht.

Privat Hëllefsorganisatioune, ënnert hinnen ass och Médecins Sans Frontières, sinn um Terrain a schaffen Dag an Nuecht, fir esou ville Mënsche wéi méiglech mat medezinescher Versuergung ze hëllefen.

"D'Gewalt ass wéi Wondbrand, dee Patiente wéi och medezinescht Personal menacéiert"

RTL

MSF - Des hommes armés échangent des tirs avec les forces de police dans le quartier de Bel Air à Port-au-Prince. / © Corentin Fohlen / Divergence

D'Priscille Cupidon schafft an engem mobille Spidol dat an de geféierlechsten Noperschafte vu Porte-au-Prince opgeriicht gouf, schreift si an engem Communiqué um Site vun MSF. "D'Gewalt ass wéi Wondbrand, dee Patiente wéi medezinescht Personal menacéiert".

Si ass eng vun deenen, déi trotz de ville Geforen an der Haaptstad bliwwen ass. Mä et gëtt vun Dag zu Dag méi schwéier, hir Missioun weider kënne sënnvoll auszeféieren. Spideeler hunn hir Aktivitéite wéinst der momentaner Situatioun zu Port-au-Prince agestallt. En Universitéitsspidol ass komplett zerstéiert ginn, wouduerch nei Dokteren hiren Training net ofschléisse kënnen.

Am RTL-Interview mam Dokter Jean-Marc Biquet, Chef vun der Missioun an Haiti vun Médecins Sans Frontières, erzielt och hie vun der momentaner Situatioun um Terrain an de ville Schwieregkeeten, mat deene säin Team an hien all Dag ze kämpfen hunn.

E puer Zuelen

MSF ass säit 32 Joer am Land present an an de leschte Joren hu si eng Rei u Projete zu Port-au-Prince developpéiert. Si schaffen an zwee Zentere fir Urgencen, wou si schwéier Krankheetsfäll a verwonnt Patiente behandelen, esou wéi och an engem Traumazenter fir Leit, déi mat Schosswonnen ageliwwert ginn.

Och hu si eng Klinick, déi speziell fir d'Affer vu sexueller Gewalt opgemaach ginn ass. Heizou seet de Jean-Marc Biquet: "Fir Iech eng Iddi ze ginn: 2023 hu mir méi wéi 4.000 Affer vu sexueller Gewalt betreit, gréisstendeels Fraen."

Ongeféier 100 Membere vu Médecins Sans Frontières si momentan um haitianeschen Deel vun der Insel Hispaniola am Asaz a schaffen do mat ëm déi 2.000 haitianeschen Dokteren an Infirmieren zesummen. Et ass awer och een Exodus vu medezineschem Personal am Land ze observéieren. Vill Dokteren a Spezialiste wanderen an d'USA an a Kanada aus. Sou gëtt et ëmmer manner Chirurgen, Anästhesisten a Gynekologen am Land.

Ee Gesondheetssystem, dee sengen Aufgaben net méi gerecht gëtt

Mat der wäitverbreeter Onsécherheet an dem ineffikasse Gesondheetssystem huet MSF seng Operatioun am Land upassen a vergréissere missen. "Effektiv, an Haiti baséiert de Gesondheetssystem op private Strukturen, déi zwar qualitativ, mä awer och extrem deier Versuergung ubidden. D'Majoritéit vun der Populatioun ka sech déi net leeschten."

Ambulanzen hu si och keng méi. Den nationalen Ambulanzen-System, dee virun den Onrouen nawell gutt fonctionéiert hat, mécht dat elo net méi. D'Servicer traue sech net op déi geféierlech Plazen an der Haaptstad ze fueren. "Dat wëll heeschen, datt praktesch all Patient säin eegene Wee bei eis fanne muss, sief et um Motorrad, am Taxi oder ze Fouss. Mä dat och nëmmen dann, wa si iwwerhaapt dozou kommen. Mir empfänken ëmmer méi a méi Patienten, déi schonns 24 Stonne virdru blesséiert gi sinn, mä aus Angscht op ee gudden Zäitpunkt gewaart hunn, fir bei eis an d'Klinick ze kommen."

Mënschlech Grondbedierfnesser kënnen net méi garantéiert ginn

Zu de momentane Prioritéite gehéieren d'Opmaache vun neie Versuergungslinnen, fir Liewensmëttel a medezinescht Material an d'Land ze bréngen. Zanter Mäerz ass den Hafe vu Port-au-Prince ënnert der Kontroll vun de kriminelle Banden. Et kënne keng Booter méi do ukommen. De Problem ass, datt Haiti ee groussen Deel vu sengem Iessen importéiert. Sou liwweren d'USA zum Beispill de Reis, deen als Haaptingredient an all Haushalt benotzt gëtt. Och ass d'Waasserversuergung net méi garantéiert. "A verschiddenen Deeler vu Port-au-Prince gëtt d'Waasserversuergung mat Hëllef vu spezielle Camione gemaach. D'Camionschaufferen traue sech awer net méi, d'Waasser ze liwweren. Sief et wéinst der Onsécherheet oder well si keen Drénkwaasser méi fannen. Vill Buere sinn zerstéiert ginn an et ass ëmmer manner Waasser disponibel. Dowéinst fäerte mir och, datt mir deemnächst mat enger Cholera-Epidemie rechne mussen."

Traumatesch Biller sinn den Alldag

D'Ëmstänn maachen et den Doktere vun MSF an dem haitianesche Personal, mat deem si schaffen, net einfach. Um Wee op d'Aarbecht gesäit een ëmmer rëm Läichen op de Stroosse leien. "Déi Mënschen, déi an der Nuecht ëmbruecht, verbrannt an dann op der Strooss leie gelooss gi sinn, einfach fir jiddwerengem ze weisen, datt Banditten net méi toleréiert ginn. Wie sinn déi Leit, déi do ëmbruecht gi sinn? Waren et Banditten oder villäicht awer just Leit, déi mat Banditte verwiesselt si goufen?"

"Dat ass elo d'Liewen zu Port-au-Prince. An et kann ee sech virstellen, wa moies d'Kanner an d'Schoul ginn, gesi si déi Doudeg an de Stroosse leien. Et ass traumatesch."

De Jean-Marc Biquet wäert net ophalen, fir ee méi séchert Land mat engem bessere Gesondheetssystem anzestoen: "Soulaang mir schaffe kënnen, wäerte mir och schaffen. Mir ginn eist Bescht mat deem, wat mir hunn. Et ass wichteg Aarbecht, mä net genuch. Et ass eng Noutwendegkeet fir Haiti een normalen a faire Gesondheetssystem opzebauen."