Och wann nach net all d'Detailer bekannt sinn, solle sech däitsch Politiker op en neie Modell fir de Militärdéngscht gëeenegt hunn.

An Däitschland hunn Unioun an SPD sech no laangem Sträit op e gemeinsame Modell fir den neie Militärdéngscht gëeenegt. Dat ass spéit e Mëttwoch den Owend aus Kreesser vun de Koalitiounsfraktiounen un d'Noriichtenagence AFP zu Berlin erugedroe ginn.

Och wann nach net all d'Detailer bekannt sinn, soll de Modell um Donneschdegmoien an enger Rei vu Sëtzunge virgestallt ginn; duerno soll och d'Ëffentlechkeet méi gewuer ginn.

D'Eenegung ass AFP-Informatiounen no an Diskussioune vum Bundesverdeedegungsminister Boris Pistorius (SPD) mat Vertrieder vun de Koalitiounsfraktiounen zustane komm. Un der Reunioun hunn déi zwee Fraktiounscheffe Jens Spahn (CDU) a Matthias Miersch (SPD) souwéi Verdeedegungsexperten aus béide Fraktiounen deelgeholl.

Wéi d'Bild-Zeitung e Mëttwochowend gemellt huet, gesäit den neie Modell d'Musterung vu komplette Joergäng vu jonke Männer vir – fir dëse Modell gouf et an de leschten Deeg scho grouss Ënnerstëtzung vu Koalitiounspolitiker. An engem zweete Schratt soll dann, falls sech net genuch Fräiwëlleger fir den Déngscht mellen, per Lous festgeluecht ginn, wie bei d'Bundeswehr muss.

De Boris Pistorius hat a sengem urspréngleche Gesetzesentworf fir den neie Militärdéngscht éischter staark op Fräiwëlleger gesat, fir de Rekrutement bei der Bundeswehr eropzeschrauwen. D'Unioun hat sech allerdéngs fir en Automatismus ausgeschwat, falls sech net genuch Fräiwëlleger géinge mellen.