Europäescht Liwwerkettegesetz gëtt vereinfacht
Däitlech manner Betriber musse bei hirer Produktioun sécherstellen, datt Mënscherechter, fair Léin an ekologesch Standarde respektéiert ginn.
Donieft ginn hir Obligatiounen, fir Donnéeën ze sammelen an ze mellen, reduzéiert, manner komplex oder manner streng.
D’EU-Parlament huet sech en Donneschdeg de Moie fir eng Verwässerung vun Nohaltegkeetsreegelen an Obligatioune fir Betriber ausgeschwat. 382 Deputéiert hu fir eng Vereinfachung gestëmmt, 249 dogéint an 13 hu sech enthalen. Ënnert anerem sollen d'Reegelen an Zukunft nëmmen nach fir e puer wéinst grouss Entreprisë gëllen an et soll keng Flicht ginn, Klimapläng auszeschaffen. Elo kann d'Parlament final Verhandlunge mat den EU-Staaten iwwer d'Initiativ ophuelen.
"Haut ass e gudden Dag fir d'Kompetitivitéit vun Europa", sot de Fraktiounschef vun der EVP, de Manfred Weber (CSU), no der Ofstëmmung. Eigentlech hate sech d'EVP-Fraktioun, d'Sozialdemokraten an déi Liberal scho viru Wochen op e Kompromëss gëeenegt.
Et ass déi éischte Kéier, datt d’konservativ EVP an där och d’CSV ass, sech mat den nationalisteschen a rietsextreme Fraktiounen zesummegedoen huet. Normalerweis sichen d’Konservativ Kompromësser mat de Sozialdemokraten, Liberal a Gréng. Si an déi Lénk hunn ewéi bei engem éischten Ulaf am Oktober géint d’Vereinfachunge fir d’Betriber gestëmmt, well se ze wäit an op Käschte vu Sozial an Ëmwelt géinge goen. D’Liberal ware gedeelt.
D’Liberal ware gedeelt. De Lëtzebuerger DP-Europadeputéierte Charel Goerens huet am Géigesaz zu den CSV-Europadeputéierten dogéint gestëmmt, och wann hien u sech mat de Vereinfachunge fir d’Betriber hätt kënnen "à la limite d’accord sinn”.
Hie sot eis: "Ech hu virun allem géint eng Manéier gestëmmt, ewéi mëttlerweil Politik am Europaparlament gemaach gëtt. Ech war ëmmer dofir, datt Kompromësser an der Mëtt vum politesche Spektrum gesicht ginn." Nodeems dee Mandat d’lescht Woch zu Stroossbuerg fale gelooss gouf, hätt d’EVP sech dem liberale Politiker no sollen "zesummerafen". Et hätt ee misse verhënneren, datt d’Rietsextrem "Arbitter" sinn, wat awer elo geschitt wier.
Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet en Donneschdeg net um Vott am Europaparlament deelgeholl. Hie wier nämlech zu Sotchi a Russland, esou d’Wort.