Räich Bierger aus verschiddene Länner solle wärend der Belagerung vu Sarajevo Sue bezuelt hunn, fir op Ziviliste schéissen ze däerfen, sou de Reproche.

Wéi verschidden italieenesch Medie mellen, huet de Parquet vu Mailand eng Enquête lancéiert. Ënner anerem italieenesch Staatsbierger solle vun 1993 bis 1995 Membere vun der bosnesch-serbescher Arméi bezuelt hunn, fir wärend e puer Deeg mat un d'Frontlinne geholl ze ginn a vun ënnerschiddleche Positiounen aus op déi agekesselt Stad op Passanten ze schéissen. Esou en "Ausfluch" soll ëmgerechent bis zu 80.000 Euro kascht hunn. Op Kanner ze schéissen, wier nach méi deier gewiescht.

D'Plainte beim Parquet huet den italieenesche Journalist a Schrëftsteller Ezio Gavazzeni deposéiert, dee sech op jorelaang Recherchen zum Sujet berifft. Ënnerstëtzt gëtt d'Plainte ënner anerem vun der fréierer Buergermeeschtesch vu Sarajevo Benjamina Karic.

D'Berichter iwwer eng "Mënschejuegd" op bosnesch Zivilisten duerch räich Auslänner sinn net nei: 2022 huet de sloweenesche Realisateur Miran Zupanic säin Documentaire "Sarajevo Safari" verëffentlecht, an deem anonym Zeien zu Wuert kommen a vu "Krichstouristen" erzielen, déi si op Säite vun der bosnesch-serbescher Arméi solle gesinn hunn. Och Touristen aus Däitschland, Russland an aus den USA sollen involvéiert gewiescht sinn. Den Ezio Gavazzeni behaapt iwwerdeems géigeniwwer der italieenescher Zeitung "La Repubblica", d'Identitéite vun op d'mannst dräi involvéierten Italiener ze kennen. Dës sollen an deenen nächste Woche vun italieeneschen Enquêteuren interrogéiert ginn. Fréier Membere vun der bosnesch-serbescher Arméi hunn d'Virwërf zeréckgewisen.

D'Belagerung vu Sarajevo am Bosnienkrich ass mat enger Dauer vun 1.425 Deeg déi längst Belagerung vun enger Stad am 20. Joerhonnert. Se huet vun 1992 bis 1996 gedauert an huet iwwer 11.000 Leit d'Liewe kascht, dorënner ronn 1.600 Kanner. D'Residentë ware permanentem Beschoss ausgesat, virun allem duerch Sniperen aus de Bierger ronderëm d'Stad. Als besonnesch geféierlech fir Passanten huet de Boulevard Meša Selimović gegollt, deen de Spëtznumm "Sniper-Alley" krut.