EU-Länner eenege sech op Douanestaxe fir Päck ënnert 150 Euro
© John Thys / AFP
D'EU wëll an Zukunft méi streng géint Bëllegimporter vu virun allem asiatesche Verkafsplattforme wéi Temu a Shein virgoen.
D'EU-Finanzministeren hu sech en Donneschdeg zu Bréissel dorop gëeenegt, d'Exemptioun fir Douanestaxe fir Päck aus Drëttstaate mat engem Wäert vu manner ewéi 150 Euro opzehiewen. Gläichzäiteg hunn d'Ministeren decidéiert, mat der Kommissioun un enger "einfacher, virleefeger Léisung" ze schaffen, fir en Enn vun der Douanes-Exemptioun esou "séier wéi méiglech" ëmsetzen ze kënnen.
Aktuell ginn et an der EU keng Douanestaxen op Päck ënnert 150 Euro, déi direkt un de Client geliwwert ginn - dacks vun Online-Plattformen aus China. D'EU hat scho proposéiert, dës Ausnam bis 2028 ofzeschafen.
D'EU-Kommissioun hat grad ewéi verschidde Memberstaaten op eng méi fréi Ëmsetzung vum Enn vun der Exemptioun gedrängt. Et wier en "decisive Schrëtt", fir datt d'EU hir Positioun vis-à-vis vun de "sech séier verännerenden Handelsrealitéite stäerkt", huet den Handelskommissär Maros Sefcovic an engem Bréif un d'Ministere geschriwwen.
De geplangten Zäitraum géing "d'Drénglechkeet vun der Situatioun" net erëmspigelen, huet hien de Ministere geschriwwen. Dës "Kompetitivitéitsverzerrung" misst direkt eliminéiert ginn.