El Salvador: Ee Land am Ëmbroch


































Zanter dass de President Bukele am El Salvador d'Geschécker iwwerholl huet, ass d'Land am Ëmbroch – an och "manner geféierlech", sou de Xavier Bettel.
Den Ausseminister Xavier Bettel ass den Ament fir eng Aarbechtsvisitt a Latäin- an Zentralamerika. Nieft Kolumbien stinn och Guatemala, Costa Rica an El Salvador um Programm. Ma do war den Ausseminister och am Optrag vun der EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas ënnerwee.
Zanter 2019 ass de Nayib Bukele President am El Salvador – ee Land, wat bis 2022 extrem ënnert dem Afloss vu Bande-Kriminalitéit stoung, wat och héich Mord-Tauxe mat sech bruecht huet. Dës Tauxe sinn awer zanter e puer Joer mam neie President Bukele staark erofgaangen.
De jonke President huet duerch d'Ausruffe vun engem Ausnamezoustand gewësse konstitutionell Sécherheeten ausgesat an domat dausende Bande-Membere verhaft. Ma dës Ausnamesituatioun dierft net zum Dauerzoustand ginn, esou den Ausseminister Xavier Bettel aus dem El Salvador: "El Salvador war eng geféierlech Plaz, déi haut manner geféierlech ginn ass, mee dat kann och net sinn, dass Ausnamsspären an Ausnamsmesuren am Fong d'Reegel dann och ginn."
Mënscherechtsorganisatioune gesinn d'Virgoe vum President Bukele kritesch: Prisonéier hätte guer keng bis ganz wéineg Rechter. Dowéinst bräicht et dem Xavier Bettel no eng "Exit-Strategie" aus dësem Ausnamezoustand, well nieft dem humanitären Aspekt géif dat och der wirtschaftlecher Entwécklung ze gutt kommen: "Den Investisseur brauch och eng Sécherheet vun der Justiz, dass déi och richteg fonctionéiert, dass ebe fir eis alleguerte wichteg ass, wa Fortschrëtter gemaach ginn, déi net op Käschte vu Mënscherechter an eben och vun der Rechtsstaatlechkeet just drop ginn."
Och wann de President Bukele demokratesch gewielt ginn ass, esou huet hie schonn eng jett Mesurë geholl, fir seng Pouvoiren auszebreeden, zum Beispill duerch eng méi laang Mandatsperiod. De Xavier Bettel, deen op senger Visitt d'EU vertrueden huet, hätt een oppenen an éierlechen Dialog mat de Vertrieder sur place gehat.