China dreet Taiwan mat Bluttvergéissen an annoncéiert grouss Militärübung
© TAIWAN DEFENCE MINISTRY/AFP/Handout
Nëmmen e puer Deeg nodeems Taiwan en neie President huet, huet China eng grouss Militärübung ronderëm déi ostasiatesch Inselrepublik annoncéiert.
Fir China ass den neie President Lai e Separatist. D'Militärübung wär eng Strof fir déi separatistesch Kräften, déi eng Onofhängegkeet wéilten an eng seriö Warnung, fir datt kee sech vu baussen amëscht oder provozéiert, sot e Spriecher vun der chineesescher Arméi. De Spriecher vum chineeseschen Ausseministère Wang Wenbin huet iwwerdeems den Ënnerstëtzer vun der taiwanescher Onofhängegkeet gedreet, datt si am "Blutt endege" wäerten, soubal si mat der "vollstänneger Vereenegung" mat China konfrontéiert sinn.
Zaldoten, Marinn, Loftwaff an d’Rakéiten-Ofwier wäerten en Donneschdeg an e Freideg Übunge ronderëm Taiwan ofhalen. Et dierft déi gréissten Übung zanter engem Joer sinn. Den taiwanesche Verdeedegungsministère verurteelt d'Militärübung als "irrational Provokatioun", déi de Fridden an d'Stabilitéit an der Taiwanstrooss géif a Gefor bréngen.
D'Kommunistesch Partei zu Peking zielt d'Insel an déi iwwer 23 Milliounen Awunner zu hirem Territoire, obwuel si Taiwan bis ewell ni regéiert huet. Zu Taipeh sëtzt zanter Joerzéngten eng demokratesch gewielt Regierung. Ëmmer nees dreet China awer dermat, fir militäresch virzegoen an Insel a Festland ze vereenegen. Bal al Dag fléie chineesesch Kampffliger Richtung Taiwan.
An Taiwan gehéieren déi Menacen zum Alldag. D'Stëmmung wier zanter dem Krich an der Ukrain awer méi ugespaant. D'Warnung elo mat der grousser Militärübung dierft och eng Warnung géigeniwwer den USA sinn. Dës ënnerstëtzen Taiwan a liwweren och reegelméisseg Waffen.