Gouf international gesicht
Mann, deen aus Lëtzebuerg agereest war, zu Tréier festgeholl
© LINO MIRGELER DPA dpa Picture-Alliance via AFP
E Mann, dee mat engem Reesbus aus Lëtzebuerg ugereest war, gouf e Mëttwoch den Owend zu Tréier festgeholl.
Hie gouf international gesicht. Den 41 Joer ale rumänesche Staatsbierger soll elo u Rumänien ausgeliwwert ginn. Hie gouf do zu enger Prisongsstrof vun 18 Méint verurteelt, well hie Schold un engem Autosaccident war an deen Ament guer kee Führerschäin hat.
Am meeschte gelies