Och dëst Joer gouf am Nationalmonument vum Fändel, zu Rosário, de Lëtzebuerger Fändel héichgezunn.

Iwwerall, wou een hireest, begéint een e Lëtzebuerger. Op d'mannst kënnt et engem esou vir. Ma datt och an der zweetgréisster Stad an Argentinien de Grand-Duché representéiert ass, dat wësse wuel déi mannsten.

Zu Rosário, der Heemecht vum Futtballstar Lionel Messi, liewen ënnert den 1,6 Milliounen Awunner och eng Rei Nokommen aus Lëtzebuerg. Ënnert anerem sinn dat d’Luciana Mehring, d’Graciela Klesen, de Sebastian Breser, den Horacio Differding oder och de Julio Hartmann, deen iwwregens e gemeinsame Virfaren huet mat der Deputéiert Carole Hartmann.

Haut sinn et ënnert anerem si, déi an der Associatioun vun de Lëtzebuerger zu Rosário aktiv sinn an zënter 30 Joer zesummen Nationalfeierdag feieren.