Microsoft mécht EU-Kommissioun fir Chaos mat-responsabel

© pexels.com / Brett Sayles
Engem Spriecher vu Microsoft no wier en Accord mat der EU-Kommissioun mat schold drun, dass et d'leschte Freideg eng weltwäit IT-Pann gouf.
D'leschte Freideg hat eng Pann bei der IT-Entreprise Microsoft dofir gesuergt, dass uechter d'ganz Welt Computeren an de Büroen an de Verwaltungen ofgestierzt sinn. Op de Fluchhäfen ass et dowéinst zu Chaos an Ausfäll bei de Flich komm.
Grond fir d'Pann bei Microsoft war e Probleem bei der IT-Sécherheetsfirma Crowdstrike. En Update, deen d'Firma bei hirer Sécherheetssoftware Falcon gemaach huet, huet dozou gefouert, dass Computeren op deene Windows leeft, ofgestierzt sinn.
E Sonndeg huet e Spriecher vu Microsoft sech géigeniwwer dem amerikanesche Wall Street Journal zum Tëschefall geäussert. En Ofkommes, dee Microsoft 2009 mat der EU-Kommissioun ofgeschloss huet, wier schold drun, dass et zum Chaos komm wier. D'Kommissioun hat deemools festgehalen, dass Microsoft seng dominant Positioun um IT-Marché ausnotze géif. Am Ofkommes gouf doropshin ënner anerem decidéiert, dass Microsoft den Entwéckler vu Sécherheetssoftware den nämmlechten Zougang zur Schnëttstell tëscht dem Windows-Betribssystem an der Hardware vum Computer gëtt, ewéi sech selwer. Den Zougang zu dëser Schnëttstell, hätt dozou gefouert, datt Probleemer bei Crowdstrike zum Ofstierze vu Computere mat Windows gefouert hunn.
Dës Kritik un der EU-Kommissioun loosse verschidden IT-Spezialisten awer net gëllen. Op der Technologie-Websäit The Register heescht et zum Beispill, dass Microsoft externe Firmen duerchaus, hätt kéinten op eng Manéier Zougrëff zu der Schnëttstell ginn, déi net dozou gefouert hätt, dass e Probleem bei enger externer Software zum Ofstierze vum Windows-Betribssystem féiert.