Den Huw Edwards soll bei der Hierstellung vu kannerpornographeschen Opname bedeelegt gewiescht sinn.

Den 62 Joer ale fréiere BBC-Moderator huet zouginn, 41 prekär Opname vu Kanner iwwer de Messengerservice Whatsapp kritt ze hunn, dorënner 7 Opname vu "méi uerger Aart". Hie riskéiert elo eng Prisongsstrof tëscht engem an zéng Joer.

D'Virwërf bezéie sech op den Zäitraum tëscht Dezember 2020 an August 2021. Viru Geriicht huet et geheescht, dass den Edwards 377 sexualiséiert Biller vun engem Mann krut, deen hien am Internet kennegeléiert hat. 41 vun deene Biller ware wéi gesot vu Kanner.

D'Biller wiere wéi et schéngt "mat Zoustëmmung" empfaange gi sinn, sou de Procureur Ian Hope. De geschaten Alter vun de meeschte Kanner wier tëscht 13 a 15 Joer gewiescht, eent war souguer réischt tëscht 7 an 9 Joer. Den Edwards soll dem Mann awer erkläert hunn, dass hie keng illegal Opname soll schécken.

Dem englesche Recht no kann eleng d'Empfänke vu prekärem Material vu Kanner iwwer elektronesch Kommunikatiounsmoyenen, dat heescht d'Erhalen an och d'Erofluede vu Biller oder Videoen, als Hierstellung vun dësen Opnamen ugesicht ginn.

Den Huw Edwards ass, bis d'Urteel de 16. September annoncéiert gëtt, op fräiem Fouss. Hie koum per Kautioun aus dem Prisong.