Premierministesch flücht an Indien, nodeems Demonstranten Amtssëtz stiermen
© ZABED HASNAIN CHOWDHURY / Nur Photo /Nur Photo via AFP
Am Bangladesch hu regierungskritesch Demonstranten den Amtssëtz vun der Premierministesch Scheich Hasina gestiermt.
Op Biller um bangladeschesche Fernsee ass ze gesinn, wéi dausenden Demonstranten an de Regierungssëtz an der Haaptstad Dhaka andréngen. Wéi et aus dem Ëmfeld vun der Premierministesch Hasina heescht, wier dës antëscht an Indien geflücht.
D'Zuel vun de Leit, déi bei de Protester géint der Scheich Hasina hir Regierung ëm d'Liewe komm sinn, ass antëscht op iwwer 300 geklommen. Dat nodeems eleng um Sonndeg iwwer 94 Persoune gestuerwe sinn. Dës Zuel nenne Journaliste vun der Noriichtenagence AFP a beruffe sech dobäi op Rapporte vu Spideeler an der Police vu Bangladesch.
D'Protester do hu Mëtt Juli ugefaangen. Um Ufank hu se sech virun allem géint eng Quotereegel beim Besetze vu Posten am Staatsdéngscht geriicht, duerch déi d'Nokomme vu Fräiheetskämpfer Virdeeler hunn. Antëscht riichte se sech allerdéngs géint d'Regierung vun der Premierministesch Scheich Hasina. Si gouf am Januar op hirem Poste confirméiert. Allerdéngs hat e groussen Deel vun der Oppositioun d'Wal aus Protest boykottéiert.
Der Hasina hir Regierung kritt ënner anerem reprochéiert, staatlech Institutiounen ze mëssbrauchen, fir hir eege Muecht ze erhalen a Regierungskritiker ze ënnerdrécken, respektiv Oppositioneller ëmbréngen ze loossen.
Antëscht hu sech nieft Mënschen aus alle Schichte vun der bangladeschescher Bevëlkerung och bekannt Schauspiller a Museker de Protester ugeschloss, grad ewéi 47 Entreprisen aus der Textilbranche. Dës ass e wichtegen Volet vun der bangladeschescher Wirtschaft.
Arméi kënnegt Iwwergangsregierung un
Den Arméischef Waker Uz-Zaman huet e Méindeg an enger Ried un d'Natioun op der Tëlee erkläert, datt elo eng "Iwwergangsregierung" gebilt géing ginn. Dofir wäert den Uz-Zaman mat de wichtegsten Oppositiounsparteien a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft schwätzen - awer net mat der Partei vun der Hasina.
"D'Land huet immens gelidden, d'Ekonomie gouf geschwächt, vill Mënsche goufen ëmbruecht - et ass Zäit, der Gewalt en Enn ze setzen", huet de Chef vun der Arméi weider betount. "Ech huelen déi ganz Responsabilitéit." Hie géing hoffen, datt sech d'Situatioun am Land elo berouegt.