US-Presidentschaftskandidatur vun den Demokraten
D'Kamala Harris krut 99% vun de Stëmmen iwwert den Online-Vott
© afp
An den USA krut d'Kamala Harris eng grouss Ënnerstëtzung fir hir Presidentschaftskandidatur vun den Demokraten.
Am Online-Vott, deen nach bis des Nuecht gelaf ass a wou 4.500 Delegéierter ofgestëmmt hunn, krut si 99 Prozent vun de Stëmmen. Elo muss hir Nominatioun vun der Parteiféierung nach offiziell confirméiert ginn.
Bleift d’Fro, wien de méigleche Vizepresident géing ginn. Do huet d’Harris aktuell wuel nach zwee Kandidaten am Bléck: de Gouverneur vum Pennsylvania, de Josh Shapiro an den Tim Walz, Gouverneur vum Minnesota.
Am meeschte gelies