Op BFM-TV gëtt den demissionären Inneminister un, de Mann wier Kapverdianer, dat mat enger Openthaltsgeneemegung.

Nodeems e Méindeg den Owend an de franséischen Alpes Maritimes e Gendaarm déidlech bei enger Verkéierskontroll blesséiert ginn ass, gouf elo de presuméierte responsabele Chauffeur zu Cannes interpelléiert, dat melt den "nach" zoustännegen Inneminister Darmanin op X.

D’AFP mellt, de Mann wier géint 4 Auer moies zu Fouss ënnerwee gewiescht. Et hätt gewierkt, wéi wann hien um Wee op dat nächst Kommissariat gewiescht wier.

Op BFM-TV gëtt den demissionären Inneminister och un, de Mann wier Kapverdianer, mat enger Openthaltsgeneemegung. Hie wier an der Vergaangenheet schonn mat Verkéiersdelikter opgefall, dorënner och e Refus d’obtempérer, also engem Refus den Uweisunge vun der Police nozekommen.

E Méindeg den Owernd géint 20 vir 9 soll de presuméierten Täter eng Kontroll refuséiert hunn, wier op e Grupp Polizisten duergefuer an hätt e Gendaarm erwëscht. Duerno ass de Mann fortgefuer. D’Affer war 54 Joer al an hat zwee Kanner.