De Peter Nygard, dee fréier als "Modemogul" gegollt huet, ass a Kanada wéinst sexuellen Iwwergrëff zu enger Prisongsstrof vun 11 Joer verurteelt ginn.

Dem Riichter no wier den Nygard "eng kanadesch Erfolleggeschicht, déi immens schif gaange wier". "Den Här Nygard huet säi Verméigen, seng Muecht a seng Bekanntheet genotzt, fir op seng Affer Juegd ze maachen", esou de Riichter Robert Goldstein.

Mam Urechne vun der Untersuchungshaft kann de Peter Nygard mat enger Entloossung schonn e sechs an engem hallwe Joer rechnen.

De fréiere sougenannte "Modemogul" huet dem Prozess no seng Affer mam Versprieche vu lukrative Model-Opträg oder anere Méiglechkeeten a seng Büroräim a Kanada agelueden. Do hu si sech dann iergendwann an enger zougespaarter Schlofkummer mat Whirlpool um ieweschte Stack erëm mat enger Dier, déi just mat engem Code opgemaach ka ginn.

Iwwerdeem lafen a Kanada an den USA weider Prozesser géing den Nygard. Deemno soll hien iwwer Joerzéngte mat Mataarbechter vu senger Entreprise an anere Komplizen Dosende Fraen a Meedercher zu sexuellen Handlunge gezwongen hunn.

De Riichter huet ausserdeem en héicht Mooss u "Gewalt, Erniddregung an Dauer vun de sexuellen Attacke" festgestallt an op "Manipulatiounen", mat deenen den Nygard d'Affer a seng Privatwunneng gelackelt hat.

An den USA lafen Ermëttlunge géint de fréiere "Modemogul", well hie Sue vu sengen Entreprisë soll fir Partye benotzt hunn, bei deene mannerjäreg Meedercher ënner Droge gesat a Fraen attackéiert goufen, wa si net op déi sexuell Fuerderunge vum Nygard agaange sinn. Den entspriechende Parquet huet aus deem Grond seng Ausliwwerung un d'USA ugefrot.