Lëtzebuerger Kierch preparéiert trotz "liichter Gripp" weider d'Poopst-Visitt

© AFP
Wéi et aus dem Vatikan heescht, hätt de Poopst Franziskus eng "liicht Gripp". Dowéinst wéilt de Pontifex sech e Méindeg schounen.
Den Hellege Papp wëll sech schounen, fir kënnen en Donneschdeg seng Rees an de Grand-Duché an an d'Belsch unzetrieden. Vun eisen Noperen heescht et scho kuerz no der Annonce, datt ee sech "keng Suergen" ëm d'Visitt vum Franziskus géif maachen, mä d'Virbereedunge géif ee weider duerchféieren.
Et ass dëst Joer net déi éischte Kéier, datt de Pontifex wéinst senger Gesondheet verschidden Optrëtter a Rendez-vousen huet mussen ofsoen. De 87 Joer ale Poopst huet awer rezent seng Asien- a Pazifikrees vun zwou Wochen ouni gréisser Schwieregkeete hannert sech bruecht. Aktuell sëtzt den Argentinier awer meeschtens bei den offizielle Visitten an engem Rollstull, dat wéinst Problemer mam Knéi an der Hëft.
Poopst-Visitt gëtt weiderhin organiséiert
D'Annonce aus dem Vatikan mécht eis bësse Suergen, mä sinn optimistesch, datt de Poopst ka kommen.
Sou reagéiert d'kathoulesch Kierch op d'Annonce aus dem Vatikan, datt de Pontifex eng liicht Gripp huet. De Generalvikar Patrick Muller sot am RTL-Interview, datt ee weiderhin dovunner ausgeet, datt déi geplangte Visitt méiglech ass. D'Preparatioune lafen dowéinst wéi geplangt weider.
Wann de Poopst net kéint kommen, wier dat sécherlech eng grouss Enttäuschung, sou de Patrick Muller. Mä vun deem Zenario géing een elo mol net ausgoen.