FPÖ huet Parlamentswalen an Éisträich gewonnen

© AFP
E weideren EU-Member réckelt politesch no riets. An Éisträich huet d’FPÖ e Sonndeg d’Parlamentswale gewonnen.
Déi rietspopulistesch Partei ronderëm de Spëtzekandidat Herbert Kickl kënnt um Enn op ronn 29 Prozent vun alle Stëmmen, wat e Plus vu knapp 13 Prozentpunkten ass.
Déi konservativ ÖVP vum Kanzler Karl Nehammer verléiert däitlech un Zoustëmmung a kënnt just nach op 26 Prozent, d’Sozialdemokraten op 21 Prozent, dat schlechtst Walresultat iwwerhaapt vun der SPÖ. D'NEOS leie bei 9,2 Prozent virun de Grénge mat 8,3 Prozent. D'Walbedeelegung war mat 78 Prozent dës Kéier méi héich wéi bei de leschte Wale viru 5, respektiv 10 Joer.
Den éisträichesche President Van der Bellen huet e Sonndeg den Owend annoncéiert, dass hie sech dës Woch mat alle Parteie wëll gesinn, déi et an d’Parlament eragepackt hunn, fir ze sondéieren, wat méiglech Regierungskompromësser kéinten duerstellen.
Hien eleng huet um Enn nämlech d’Decisiounsgewalt, fir ze bestëmmen, wien e Regierungsoptrag kritt. D’FPÖ war schonn e puermol an enger Regierung mat vertrueden, allerdéngs bis ewell ëmmer just als Junior-Partner. Virun de Walen haten all d’Parteien, ausser d’ÖVP, eng Koalitioun mat der FPÖ ausgeschloss.
Am Interview mat Servus-TV weist sech den FPÖ-Chef Herbert Kickl zouversiichtlech, de Regierungsoptrag ze kréien. Wann ee versiche géif, hien a seng Partei auszeschléissen, da géing een d'Meenung vu Milliounen Éisträicherinnen an Éisträicher ignoréieren.
De Bundeskanzler Karl Nehammer seet "Nee" zum Herbert Kickl. Wann d'ÖVP de Kanzler stellen dierf, da wier eng Zesummenaarbecht méiglech. Et bleift also spannend, wéi ee mat der Formatioun vun enger neier Regierung virukënnt.