Fir d'zweete Kéier bannent sechs Méint huet den Iran Rakéiten op Israel lancéiert.

Am ganze Land war de Groussalarm ausgeléist ginn an d'Bevëlkerung opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen an an der Géigend vu Schutzraim ze bleiwen. Eng Stonn nodeems et iranesch Rakéite gereent hat, gouf et virsiichteg Entwarnung.

D'Situatioun am Noen Osten - Rep. Anne Wolff

De Konflikt am Noen Osten ass also definitiv eskaléiert. Et war eng massiv Attack. Ronn 180 Rakéite goufen op Israel geschoss. Op Fernseebiller war ze gesinn, wéi Dosende Missilë mam Zil Tel Aviv vum Himmel erof koumen. Zu Tel Aviv, Jerusalem an Haifa waren Explosiounen ze héieren.

Wéi d'israeelesch Arméi mellt, gouf "eng grouss Unzuel un iranesche Rakéiten ofgefaangen". Am Zentrum an am Süde vum Land wiere Rakéiten ageschloen, sot den Arméispricher Daniel Hagari an engem offiziellen Statement.

De Loftraum gouf gespaart, grad ewéi de Loftraum iwwer dem Irak an iwwer Jordanien.

De israeelesche Krichscabinet huet sech no der Attack beienee gesat. Den amerikanesche President Joe Biden huet als Reaktioun ordonéiert, datt d'US-Arméi déi iranesch Missilë soll interceptéieren, sou wéi dat schonn am Abrëll de Fall war. Et misst een Israel hëllefen, sech ze verdeedegen, huet et aus dem Wäissen Haus geheescht. 
 
Teheran hat an der Lescht méi dacks Revanche annoncéiert, ënnert anerem wéinst den israeelesche Militäraktiounen am Libanon. En Dënschdeg hat Israel eng Buedemoffensiv am Nopeschland Iancéiert. Virun e puer Deeg war de Chef vun der schiitescher Miliz Hisbollah ëmbruecht ginn.

Attentat zu Tel Aviv Minutte virum Rakéitenugrëff

Kuerz virum iraneschen Ugrëff gouf et zu Tel Aviv en Attentat. Eischten Informatioune no si 6 Persoune gestuerwen an 12 goufe verwonnt.

D'Täter sinn aus engem Tram erausgeklommen an hu mat sougenannte Schnellschosswaffen op d'Leit geschoss. Si goufe kuerz drop "neutraliséiert", esou d'israelesch Autoritéiten.

Zu Tel Aviv an Israel gouf et och eng déidlech Terrorattack (AFP/Reuters)
Et ass eng nei Eskalatioun am Noen Osten. Sireenen waren uechter d'Land ze héieren.

Wéi wäert Israel reagéieren?

Am iranesche Staatsfernsee gouf et en Dënschdeg den Owend eng Deklaratioun vun de Revolutiounsgarden. Do gouf matgedeelt, datt am Fall vun enger israeelescher Revanche déi iranesch Reaktioun nach méi schlëmm géing ausfalen.

Et wier een souwuel an der "Defensiv wéi och an der Offensiv", an och nach ëmmer an Alarmbereetschaft, huet den Arméispriecher Daniel Hagari erkläert.

"Mir wäerten d'israeelesch Bierger verdeedegen. Dësen Ugrëff wäert Konsequenzen hunn. Mir hu Pläng a wäerten zum richtege Moment op der richteger Plaz operéieren."

Rakéitenugrëff gëtt verurteelt

Den UN-Generalsekretär António Guterres huet op X en Appell u béid Konfliktparteie gemaach: "Ech verurteelen eng Extensioun vum Noost-Konflikt, deen ëmmer méi eskaléiert. Dat muss ophalen. Mir brauchen onbedéngt e Waffestëllstand."

Den US-Ausseminister Antony Binken huet gesot, déi ganz Welt sollt den iraneschen Ugrëff op Israel verurteelen. Israel hätt et mam "aktive Support vun den USA an anere Partner" awer fäerdeg bruecht, d'Attacken ofzewieren.

D'USA haten Israel schonn en Dënschdeg de Mëtteg virum iraneschen Ugrëff gewarnt.

Ënnerstëtzung aus den USA

D'USA hätte vu Schëffer aus d'Efforte vum israeelesche Loftofwier-System "Iron Dome" ënnerstëtzt, fir d'iranesch Rakéiten ofzeschéissen. Virun a wärend der Attack hätten d'USA enk mat Israel zesummegeschafft. Et géif ee sech elo weider mat den israeeleschen Alliéierte beroden. Et kéint een deemno nach net virgräifen a méiglech Auswierkungen an Decisioune vu den USA diskutéieren. Den US-President Biden géif no intensive Berodunge selwer nach emol virun d'Press trieden.

D’Fro ass elo, ob Israel och den Atomprogramm vum Iran wäert ugräifen. Wéi et vun den USA  schonn e Freide geheescht huet , wier den Iran capabel, bannent enger bis zwou Woche genuch waffefäegt Uran ze produzéieren. Den Iran warnt dann och Israel viru weideren Attacken.