Zwee weider Schigebidder a Frankräich maachen zou
Symbolbild / © RTL Archiv
Wéinst dem Manktem u Schnéi als Konsequenz vum Klimawandel maachen zwee weider Schigebidder an de franséische Viralpen hir Lifter zou.
D'Gebitt Grand Puy bei Seyne-les-Alpes an Alpe du Grand Serre südlech vu Grenoble hunn de Weekend béid dofir gestëmmt, mam Schisport opzehalen. D'Gebidder leien tëscht 1.400 an 2.200 Héichtemeter a leiden zanter Joren dorënner, datt ëmmer manner Schnéi fält.
Zu Seynes-les-Alpes hu ronn 70 Prozent vun den Awunner bei engem lokale Referendum fir den Ofbau vun de Lifter an der Entwécklung vun neien touristeschen Offere gestëmmt. Domat ginn am Ganze 24 Kilometer u Schipisten abandonéiert. E Waasserbecken, dat bis ewell benotzt gouf, fir Konschtschnéi ze maachen, soll an e Séi, fir ze fëschen, ëmgeännert ginn. Donieft sollen Trail-Strecken ugeluecht ginn.
D'Gebitt Alpe du Grand Serre bei Grenoble ëmfaasst bis ewell eng 50 Kilometer Pisten an huet 200 direkt an indirekt Aarbechtsplazen ugebueden. Och hei huet de Rot vum Gemengeverband fir en Enn vun de Lifter gestëmmt. "Et brécht eis d'Häerz, mä mir ginn net op a sichen zesummen no neie Léisungen", sot déi sozialistesch Deputéiert Marie-Noëlle Battiste.
Viru gutt zwou Wochen hat schonn e Schigebitt am Jura bekannt ginn, knapp en Drëttel vu senger Pisten opzeginn. Zanter de 70er Joren hunn a Frankräich eng 180 net rentabel Schigebidder opgehalen. D'Auswierkunge vum Klimawandel droen dozou bäi, datt virun allem Schigebidder a Mëttelgebierger net méi genuch natierleche Schnéi kréien. Den Asaz vu Konschtschnéi ass deier, brauch vill Energie an ass ëmweltschiedlech.