Déi annoncéiert Fermeture vun de Schipisten am franséische Jura am Hibléck op de Klimawandel hunn an der betraffener Regioun Protester ausgeléist.

"Dat ass en haarde Coup fir d'Butteker", heescht et an enger Online-Petitioun, déi bis e Freideg vun e puer Dausend Mënschen ënnerschriwwe gouf. "D'Decisioun ass eng Gefor fir d'touristesch Zukunft an d'Aarbechtsplazen am Schigebitt", heescht et weider.

D'wirtschaftlech Realitéit hätt sech méi séier verännert wéi gefaart, seet dozou de Philippe Alpy vum zoustännege Verwaltungsgremium. An de leschte Joren hätt et ëmmer manner natierleche Schnéi ginn. Dobäi wier nach d'Hausse vun den Energiepräisser an der Suitte vum Ukrain-Krich komm.

D'Schigebitt, dat op 890 bis 1.400 Héichtemeter ass, ass schonn zanter 2015 an enger Ëmwandlung zu enger Biergstatioun. Dës soll dann d'ganz Joer Visiteuren ulackelen. D'Schigebitt Métabief, dat bis ewell 40 Pisten ugebueden huet, hat virun enger Woch annoncéiert, de Betrib vu fënnef Lifter ze stoppen. Dovu sinn ongeféier 30 Prozent vun e Schipiste betraff.