Gouf Israel zanter dem 7. Oktober 2023 méi sécher?
Mir hu mat der israeelescher Ambassadrice an dem Co-President vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient iwwert ee Joer Krich an Israel geschwat.
Nee! Israel gouf zanter dem 7. Oktober net méi sécher. Hei sinn d'Co-Presidente vum Lëtzebuerger Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient an déi israeelescher Ambassadrice fir d'Belsch a Lëtzebuerg op enger Ligne.
"Europa war net schonn no engem Joer Krich géingt den IS méi sécher. Et huet zwee Joer gedauert. An anere Fäll och méi laang. Ech hoffen, datt op laang Siicht Israel méi sécher gëtt," sou d'Botschafterin Idit Rosenzweig-Abu.
Fir de Jules Barthel, Co-President vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient, produzéiert Gewalt nëmme weider Gewalt: "Dat ass eng Spiral ouni Enn. D'Massakeren an der Gazasträif, genau sou wéi am Libanon an och ëmmer méi am Westjordanland, déi massiv Zerstéierung vun den Infrastrukturen, forcéiert Deplacementer vu ganze Populatiounen, brénge kee Fridden. Au contraire, si bréngen ëmmer méi Haass mat an ëmmer méi Doudeger."

An dësem Gespréich gouf kloer, dat fir Israel d'Fro vun den 101 Geiselen, déi weider vun der Hamas verschleeft bleiwen, eng oppe Wonn mat direkte Konsequenzen ass.
"Et war vun Ufank un dat éischt Zil vum Krich, se Heem ze bréngen. Mir hunn ugefaange mat iwwer 200 Geiselen. Mir kruten der eppes méi wéi 100 zeréck, via en Handel. A mir hunn et fäerdeg bruecht, d'Arméi huet et fäerdeg bruecht, der 6, 7 ze befreien. Awer. Jo, effektiv, et deet wéi. Ech war zweemol hei zu Lëtzebuerg mat Famillje vu Geiselen. E puer vun hinnen hunn hir Familljemember zréck, e puer vun hinne waarden nach. Effektiv. Dëse Krich wäert net eriwwer sinn, bis d'Geiselen zeréck sinn," sou déi israeelescher Ambassadrice Idit Rosenzweig-Abu.
Wat déi zweet Front ubelaangt, déi Israel am Libanon opgemaach huet, dat stellt de Jules Barthel vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient d'Fro, wou d'Diplomatie bleift? "Et gesäit esou aus, wéi wann alles nëmme kann iwwer Gewalt an iwwer Waffe geschéien."
An dësen Interviewe waren och ënner anerem déi Zwee-Staate-Léisung en Thema, grad wéi d'Fro: ee Joer Krich an der Gazasträif, an elo?