Sébastien Lecornu wëll bis spéitstens den 31.12 e Budget stoen hunn

© AFP
E Mëttwoch de Moien ass den Iwwergangspremier Sébastien Lecornu virun d'Press getrueden an huet matgedeelt, wéi et mam Sträitthema Budget soll weidergoen.
"Ënnert de gudden Nouvellen ass, datt bei all de Gespréicher, déi ech konnt féieren, [...] sech gewisen huet, datt iwwerall e Wëllen do ass, fir virum 31. Dezember de Budget fir d'nächst Joer fir Frankräich stoen ze hunn. Dëse Budget muss awer verschidde Parameteren enthalen, fir datt Frankräich Fortschrëtter ka maachen", esou nach den Sébastien Lecornu.
Esou bal Léisunge fonnt sinn, wäert den Nach-Premier dem President Macron d'Solutiounen, déi zu deem Zäitpunkt um Dësch leien, presentéieren. Dofir muss de Sébastien Lecornu awer virdru mat den Oppositiounsparteie verhandelen. Wéi hien et geséit, hëllefen d'Gespréicher mat der Oppositioun, fir eng méiglech Opléisung vum Parlament an domadder och Neiwalen ze verréckelen.
A senger Ried huet de Lecornu awer nach mat enger Polemik, déi aktuell bei eisen Noperen den Tour mécht, opgeraumt. "Et ass evident, datt déi Ministeren, déi just fir e puer Stonnen am Amt waren, kee Recht op d'Indemnitéiten, well se net méi Minister sinn, hunn." Ëmmerhi geet hei riets vun ëm déi 30.000 Euro pro Persoun.
Et ass ze bemierken, datt Ministeren dës Indemnitéit net kënne mat engem Deputéiertemandat kombinéieren. Nëmmen de Bruno Le Maire hätt déi dräi Méint Salaire kënne kréien, mee hien huet ugekënnegt, datt hien drop verzicht.