De fréiere Regierungschef vu Schottland, Alex Salmond, ass dout. Wärend senger Amtszäit haten d'Schotten iwwer d'Onofhängegkeet vun hirem Land ofgestëmmt.

De fréiere schottesche First Minister Alex Salmond, Galiounsfigur vun der schottescher Onofhängegkeetsbeweegung, ass onerwaart am Alter vun 69 Joer gestuerwen. Dat huet déi Schottesch Nationalpartei (SNP), déi iwwer Jore vum Salmond ugefouert gouf, matgedeelt. Brittesche Medien no soll de Politiker no enger Ried an Nordmazedonien zesummegebrach sinn.

Vun 2007 bis 2014 stoung de Salmond un der Spëtzt vun der schottescher Regierung. De brittesche Premier Keir Starmer huet dem Salmond seng Verdéngschter gewierdegt.

Den Alex Salmond stoung vun 1990 bis 2014 un der Spëtzt vun der SNP. Dat bescht Walresultat gouf et 2011, wéi d'Partei d'Parlamentsmajoritéit kritt huet an domadder de schotteschen Zwee-Parteie-System aus konservativen Tories an der sozialdemokratescher Labour-Partei endgülteg iwwer de Koup gehäit huet.

Vun 2007 bis 2014 war de Salmond Regierungschef. Nodeem de vun him erkämpfte schottesche Referendum fir eng Onofhängegkeet vu Groussbritannien am Joer 2014 mat 45 zu 55 Prozent gescheitert war, war de Salmond zeréckgetrueden.

2021 hat de Salmond no engem iwwerraschende politesche Comeback seng eegen Onofhängegkeetspartei Alba gegrënnt, déi bei de Regionalwalen awer kee Sëtz kritt hat.