An der Wallonie, zu Bréissel an an der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch gouf e Sonndeg nei gewielt.

Gewielt gouf a 581 Gemengen am Land: 300 a Flandern, 253 an der Wallonie, 19 zu Bréissel an 9 an der däitschsproocheger Communautéit.

An der Province du Luxembourg sinn déi sozial-zentristesch Les Engagés am meeschte gewielt ginn, mat eppes méi wéi 40 Prozent vun alle Stëmmen. De liberale Mouvement réformateur krut och Stëmme bäi a kënnt op knapp 33 Prozent. D’Sozialisten an déi Gréng verléieren allebéid.

Zu Ninove, an der Regioun Bréissel, ass fir d’éischte Kéier iwwerdeems e Kandidat vun der flamännescher rietsextremer a separatistescher Regionalpartei Vlaams Belang zum Buergermeeschter gewielt ginn.

Zu Namur wannen d’Zentriste vu Les Engagées, zu Charleroi d’Sozialisten an zu Bréissel leeft et op enger Dräier-Koalitioun tëscht den Zentrums-Parteien eraus.

Zu Arel krut déi lokal Biergerpartei Arlon2030 déi meeschte Stëmmen.