Massiv Hausse bei erneierbaren Energien - nach ëmmer ze vill Fossiller

© Image Pxhere
Um UN-Klimasommet zu Baku hunn Germanwatch an den New Climate Institute hire Rapport zu de Progrèsen an der Energie- a Klimapolitik weltwäit presentéiert.
Deemno huet den Ausbau vun erneierbaren Energië massiv acceleréiert, woubäi et awer weiderhin nach grousse Widderstand dogéint gëtt, vu fossillen Energien ewech ze kommen.
De Klimawëssenschaftler Niklas Höhne vum New Climate Institute huet bei der Presentatioun vum Index op déi dramatesch Suitte vum Klimawandel verwisen. "2024 war e Katastrophejoer", sot den Höhne mat Bléck op déi vill extreem Wiedereventer. D'Situatioun géing sech weider verschäerfen, wann net energesch géigegesteiert géing ginn. "D'Welt steet op der Kipp. Et ass elo d'Aufgab vun den nationale Regierungen, alles ze maachen, fir d'Zäregasemissiounen erofzesetzen." De Klimaschutz-Index weist, a wéi engem Mooss dat geschitt.
Wéi zanter Joren de Fall, sinn och dës Kéier déi éischt dräi Plazen am Ranking eidel bliwwen, fir däitlech ze maachen, datt d'Beméiungen an d'Progrèse vun alle Länner beim Klimaschutz nach ze mann sinn. Déi bescht Plaz goung deemno un Dänemark mat engem "gutt" an der Gesamtwäertung an "ganz gutt" bei den erneierbaren Energien. Dono kommen Holland a Groussbritannien op Plaz fënnef a sechs. Bei den erneierbaren Energië goufe mat Norwegen a Schweden zwee weider skandinavesch Länner nieft Dänemark mat "ganz gutt" bewäert. Lëtzebuerg huet sech am Ranking ëm zwou Plazen op Plaz 13 verbessert.