Den Donald Trump huet nach ëmmer u senger Defaite bei der Wal 2020 ze knaen. Mat Spezial-Ermëttler wëll hien elo e presuméierte Walbedruch opdecken.

Wéi d'"Washington Post" mat Recours op Insider mellt, wëll den Donald Trump Ekippen am Justizministère zesummestellen, déi an den ëmkämpfte Bundesstaaten no Beweiser dofir siche sollen, firwat d'Wal 2020 duerch e presuméierte Bedruch verluer gouf.

Scho viru 4 Joer hat den US-President Trump behaapt, datt hien d'Wal duerch Wielerbedruch verluer hätt. D'lescht Joer war hie wéinst senge Versich, d'Wal z'annuléieren, ugeklot ginn. Deemools goung d'Klo op eng Enquête vum Spezial-Beroder Jack Smith zeréck. Der "Washington Post" no wéilt den Trump deemno déi ganz Ekipp, déi mam Smith geschafft huet, kënnegen.

De Sourcë vun der "Washington Post" no wier dem Donald Trump säi Plang, Ermëttlungsekippen a Procureuren an ëmkämpfte Bundesstaaten zesummenzestellen, awer net ganz gutt iwwerluecht a stéing och "net ganz uewen op der Lëscht". D'Iddi, "am Justizministère opzeraumen", wier allerdéngs eng vun de Prioritéite vum designéierten US-President. Der "Washington Post" no wier dem Trump seng Agenda "net vun Ideologie oder politeschen Ziler gedriwwen", mä dovun, datt hie sech getouft fillt.

Betount hat den Donald Trump säin Zil, nodeems säin éischte Kandidat fir d'Amt vum Procureur, de Matt Gaetz, sech aus der Course gezunn hat. "Ze laang gouf de parteiesche Justizministère als Waff géint mech an aner Republikaner agesat", huet den US-President an engem Beitrag op "Truth Social" senger Alliéierter Pam Bondi geäntwert. "Net méi. D'Pam wäert de Justizministère erëm op säin eigentlechen Zweck riichten, nämlech d'Kriminalitéit ze bekämpfen an Amerika erëm sécher ze maachen."