Dem Donald Trump seng Regierungsekipp steet
A knapp zwee Méint, den 20. Januar gëtt den Donald Trump als 47. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika vereedegt.
Bis dohin huet de Republikaner net wëlles ze waarden, iert en d'Rudder an d'Hand hellt. Innepolitesch an op der internationaler Büne huet den Trump schonn éischt kloer Message ginn. An zanter dem Weekend ass och de groussen Deel un der neier Regierungsekipp bekannt. Eng éischter ongewinnt Mëschung u Milliardären a Loyalisten.
D’New York Times huet déi nei Trump-Administratioun mat dëse Wieder beschriwwen: "Hien ëmgëtt sech mat Randfiguren, Verschwörungstheoretiker a Schläimer, fir déi d'Loyalitéit zu him iwwer allem steet."
Den Donald Trump huet viru Journalisten drop ugespillt, dru schaffen ze wëllen, dass en amerikanesche President och ka fir eng drëtt Amtszäit untrieden. Bis elo ass dat wéinst der Verfassung net méiglech. Den nächste President huet gesot, hie géing dovunner ausgoen, dass en net nach eng Kéier géing untrieden, et sief dann de Kongress géing eppes ënnerhuelen.
Bei der personeller Opstellung vu senger Ekipp ginn et praktesch all Dag nei Detailer
Den Tech-Entrepreneur a Milliardär Elon Musk gëtt fir seng Ënnerstëtzung am Walkampf mat der Leedung fir en neie Service fir effizient Regéiere belount. Zil vun dësem ass et, Regierungsbürokratie ofzebauen an Depensen ze kierzen. Domat ass den Elon Musk awer net Deel vun der Regierung, mee Beroder.
De Poste vum US-Handelsminister soll un de Milliardär Howard Lutnick goen, deen als Deel vum Trump sengem Transitiounsteam den Iwwergang vun der Biden- an d'Trump-Regierung mat organiséiert. De Lutnick, CEO vun der Investmentfirma Cantor Fitzgerald an der BGC Group, hat sech wärend dem Walkampf ënner anerem fir Tariffer vu 60 Prozent op Importer aus China ausgeschwat. De Wall-Street-Milliardär war och als méiglech Nominatioun fir de Poste vum Finanzminister an der Course.
Donieft soll d'Linda McMahon nei Educatiounsministesch an den USA ginn. Déi 76 Joer al McMahon war fréier d'Cheffin vun der WWE, der World Wrestling Entertainment Liga, an ass aktuell eng enk Conseillère vum Trump.






















Den Donald Trump dann och nach d'Nominatioun vum Robert F Kennedy Jr als Gesondheetsminister bekannt ginn. De Robert F Kennedy Jr ass ee prominenten Impfskeptiker an hat sech an de Presidentschaftswalen selwer als Independant opgestallt, ier hie seng Campagne opginn huet an den Trump ënnerstëtzt huet. Hien ass den Neveu vum 35. US-President, dem John F. Kennedy.
Donieft huet den designéierte President och ugekënnegt, datt de Gouverneur vum Bundesstaat North Dakota, den Doug Burgum, Inneminister soll ginn. De Burgum war am Walkampf vum Trump als méigleche Vize-Presidentschaftskandidat am Gespréich, éier den Trump sech fir den J.D. Vance decidéiert huet.
De Senator aus Florida Marco Rubio soll US-Ausseminister ginn. Hie gesäit China als déi gréisst Erausfuerderung fir d’Aussepolitik vum Land an ënnerstëtzt Taiwan. Wat den Ukrain-Krich ugeet, ass hien der Meenung, dass d’Milliardenhëllef un d’Land kee Sënn mécht. D’selwecht gesäit dat de republikanesche Kongressdelegéierter Michael Waltz, deen nationale Sécherheetsberoder soll ginn. Dësen ass awer donieft e Kritiker vun der russescher Regierung.
Fir d’Verdeedegung soll dann den Arméi-Veteran a Fox-News-Moderator Pete Hegseth responsabel ginn. Dësen huet keng Regierungserfarung, huet awer an der Nationalgard an Afghanistan an am Irak gedéngt.
De Justizressort sollt ufanks de Rietsausse-Politiker a Kongressdelegéierte Matt Gaetz iwwerhuelen, deen den Trump wärend senge Geriichtsprozesser a wärend der Amtsenthiewungsprozedur ëmmer ënnerstëtzt huet. De Matt Gaetz huet sech antëscht als Kandidat fir de Poste vum Justizminister zeréckgezunn. Dem Donald Trump säi Kandidat huet annoncéiert, dass hien d'Nominatioun net wäert unhuelen. Wéi et vum Gaetz selwer heescht, wéilt hie "keng Oflenkung" sinn.
Nodeems dem Gaetz seng Nominatioun bekannt gouf, war et am Kongress zu engem Debat iwwer e Rapport iwwer e méiglecht Feelverhale vum Deputéierten aus dem Florida komm, speziell dorëm, ob dëse sollt publizéiert ginn. De Rapport enthält ënner anerem Conclusiounen zu enger Enquête iwwer méiglech sexuellt Feelverhalen an Drogemëssbrauch.
Den Donald Trump huet awer och schonn Ersatz fir de Matt Gaetz fonnt. Déi fréier Procureure générale aus Florida, d'Pam Bondi, soll elo nächst Justizministesch ginn. Si war och schonn Deel vu senger juristescher Verdeedegungsekipp.
De fréiere Responsabele fir d’Immigratioun, den Tom Homan, soll de Beoptrage fir de Grenzschutz ginn. An der éischter Trump-Regierung war hie Supporter vun der Iddi, dass illegal immigréiert Elteren an hir Kanner getrennt ginn, als Mesure fir ofzeschrecken.
Ëmweltminister soll dann de Lee Zeldin ginn, bei deem sech erwaart gëtt, dass en d’Paräisser Klimaofkommes kënnegt, wéi schonn a senger éischter Amtszäit.
Cabinetscheffin am Wäissen Haus gëtt dem Donald Trump seng Walkampfmanagerin Susie Wiles.
Weider gouf annoncéiert, dass de Chris Wright nächsten Energieminister soll ginn. Hie kënnt aus dem Colorado an ass Entrepreneur am Fracking-Beräich, spréch an der Extraktioun vun Äerdgas. Hien ass och Klimawandel-Skeptiker.
D'leschte Freideg huet den Donald Trump den Investor an Hedgefong-Manager Scott Bessent als Finanzminister nominéiert. Den 62 Joer ale Grënner vun engem Hedgefong soll den Desequiliber am Aussenhandel opléisen an de Wuesstem vun der Ekonomie an de Vierdergrond stellen, esou den Trump. Den neie Finanzminister wäert iwwerdeem kucke mussen, wéi hien déi verschidde Walversprieche vum Trump ënnert een Hutt kritt. Notamment d'Reduktioun vun de Steieren an zousätzlech Douanesfraisen, déi kéinten zu méi héije Präisser fir US-Konsumente féieren.
E Mëttwoch war et dann d'Nouvelle, dass de fréiere Generol vun der US-Army Keith Kellogg soll speziellen Emissär fir d'Ukrain a Russland ginn. De Kellogg war wärend dem Trump senger éischter Amtszäit fir e puer Deeg am Interim Nationale Sécherheetsberoder vun den USA.
All dës Nominatioune mussen awer nach vum Senat confirméiert ginn. Do mussen dem Donald Trump seng Kandidate verschidde Renseignementer iwwert sech ginn a virun allem nach virun engem Kommitee am Senat aussoen.