No zéien Negociatiounen op der Weltklimakonferenz sollen d'EU-Staate sech eens sinn, fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun Entwécklungslänner eropzesetzen.

D‘Europäesch Unioun schéngt bereet ze sinn, déi finanziell Hëllefen, déi räich Länner deene Staate solle ginn, déi am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn, op 300 Milliarden Dollar, also 287 Milliarden Euro, d‘Joer eropzesetzen. Dat mellt d‘Noriichtenagence AFP a berifft sech op Sourcen an den Delegatiounen, déi déi ganz Nuecht iwwer weider negociéiert hunn. Dat wier dann dräi Mol esou vill wéi bis ewell. D'Zil vun den 287 Milliarden Euro wéilt ee bis 2035 erreechen. D'Offer läit allerdéngs nach ëmmer ënnert deem, wat virop Entwécklungslänner froen.

Ofhängeg wier d'Zomm awer vum Finanzkader, also wéi eng Bäiträg wéi ugerechent ginn a vu Fuerderungen no weider Verbesserungen an den Texter vum Accord. Aktuell hu sech d'Industriestaaten zu Zomme vun 100 Milliarden Dollar verflicht, dorënner staatlech Subsiden, Kreditter a privat Mëttel. 
 
Méi wéi 300 Aktivistegruppen hunn iwwerdeems erkläert, et wier besser keen Accord ze hunn, wéi e schlechten. An dat hei wier e ganz, ganz schlechten Deal.

Virop hat den Aserbaidschan, deen d'Weltklimakonferenz organiséiert, e Freideg eng Hausse vun de finanziellen Hëllefen op 250 Milliarden Dollar d'Joer proposéiert, woubäi d'Industriestaaten "de Lead iwwerhuelen" sollten. Eng Propos, déi bei den Entwécklungslänner net gutt ukomm war.

D'Suen déngen der Finanzéierung vu Klimaschutz an der Upassung un d'Suitte vum Klimawandel an Entwécklungslänner. Hinnen no bräicht et 1,3 Billiounen Dollar d'Joer bis 2035. Op der Konferenz hu si op d'mannst 500 Milliarden Dollar vun de räiche Länner bis  2030 gefuerdert. D'Zomm vun 300 Milliarden Dollar bis 2035 war och vun UN-Experten als méigleche Kompromëss virgeschloe ginn.

Well d'Staate sech laang net eens waren, ass d'Weltklimakonferenz bis an de Weekend era verlängert ginn. Eigentlech hätt e Freideg den Owend sollte Schluss sinn.