Flüchtlingsrot NRC kritiséiert Ignoranz vu "gréisster humanitärer Kris"
Flüchtlingslager am Sudan / © AFP
Am Sudan géing et déi "gréisst Hongerkris, déi gréisst Flüchtlingskris (...) an d'Welt zuckt just mat de Schëlleren", kritiséiert den NRC-Chef Jan Egeland.
Wéi de Chef vum norwegesche Flüchtlingsrot NRC der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert, riskéieren 1,5 Millioune Mënschen am Sudan eng Hongersnout.
Zanter Abrëll 2023 gëtt et am afrikanesche Land e Biergerkrich tëscht der sudaneesescher Arméi an der paramilitärescher RSF-Miliz. Iwwer Zéngdausend Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm, 11 Millioune goufe verdriwwen. De Vereenten Natiounen no leider souguer bal 26 Millioune Mënschen am Sudan Honger.
"Wärend mir eis beméien, mat ze halen, zéie mir mat eisen aktuelle Mëttel just den Doud an d'Längt, amplaz en ze verhënneren", huet den Egeland betount. Den NRC ass eng vun de wéinegen Hëllefsorganisatiounen, déi nach am Sudan aktiv sinn.
Virun zwee Joer hate Meldungen iwwer e Vëlkermord an der westlecher Regioun Darfur d'Opmierksamkeet vun der Welt op de Sudan gezunn. Et wier "net ze gleewen", datt et elo nëmmen e Brochdeel vun der deemoleger Opmierksamkeet géing ginn, obwuel "d'Kris tatsächlech vill méi kleng war". "D'Kuerzsiichtegkeet vun de Politiker" géing sech revanchéieren, wann d'Flüchtlingen aus dem Sudan a Richtung Norde wëllen.
De Vereenten Natiounen no benotzte béid Parteien den Honger als Krichswaff. D'Autoritéite géingen den Accès zu Hëllef duerch administrativ Hürde behënneren, wärend déi paramilitäresch Kämpfer Mataarbechter vun Hëllefsorganisatioune menacéieren an ugräifen.
Trotz allen Hindernisser kéinten "all d'Ecke vum Sudan" erreecht ginn. Et bräicht just méi "Courage" a méi Hëllefsmëttel.