Lëtzebuerger Ëmweltminister ass frou, datt iwwerhaapt en Accord fonnt gouf
De Serge Wilmes huet sech zefridde gewisen, datt een trotz der international ugespaanter Situatioun een Accord fir d'Lutte géint de Klimawandel fonnt huet.
Déi 29. Weltklimakonferenz zu Baku ass mat engem Accord op en Enn gaangen, dee virgesäit, datt déi räich Länner deene méi aarme Länner bis 2035 mat Finanzhëllefen an der Héicht vun 300 Milliarden Dollar an der Lutte géint de Klimawandel ënnert d'Äerm solle gräifen. D'Entwécklungslänner, déi haut schonn am meeschte vun der Klimakris betraff sinn, kritiséieren awer, datt dat wäit ënnert deem bleift, wat gebraucht gëtt.
De Lëtzebuerger CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes ass frou, datt iwwerhaapt en Accord fonnt gouf. Dat op enger Weltklimakonferenz wärend international ugespaanten Zäiten, bei där deemno och de Kampf géint de Klimawandel a fir de Fridde géinteneen ausgespillt gi wieren:
"Dat spiert ee ganz kloer. Dat ass jo och d'Diskussioun, déi een a ville Länner ka beobachten. Dat ass also e Fakt. Op där anerer Säit däerf een dat natierlech net ee géint deen aneren ausspillen, well mir hunn op der Welt genuch Suen, fir kënnen a béides ze investéieren."
Och aus der Siicht vu Lëtzebuerg a vun der EU wier ee frou iwwert den Accord, sou de Serge Wilmes: "Wa mer dëst Joer keen Accord fonnt hätten, nächst Joer mat engem amerikanesche President, deen nees Donald Trump heescht, wäert et héchst warscheinlech onméiglech ginn, fir sech ze eenegen op eng global, weltwäit Finanzenveloppe vun den entwéckelte Länner fir déi Entwécklungslänner."
Mat 300 Milliarden US-Dollar wier de Budget ëmmerhi verdräifacht ginn. Mat deenen ëffentleche Sue kéinten och nach privat Suen ugezu ginn. Den Ëmweltminister nennt d'Beispill vun enger Finanzplattform an Zesummenaarbecht mat der Europäescher Investitiounsbank, bei där d'Regierung 50 an d'BEI 350 Milliounen Euro investéiert hätt:
"Zesummen hu mer a Projeten investéiert, fir zum Beispill weltwäit kënne méi Beem ze planzen, Flëss ze renaturéieren, sech ze schütze géint de Klimawandel. An do si privat Sue mat u Bord komm vun 9 Milliarden Euro. Dat heescht, mir hunn en enormen, bal 193-fache Multiplikatiounseffekt domadder erreecht."
Eleng mat ëffentleche Sue kéint ee sech net un de Klimawandel upassen an d'Äerderwiermung begrenzen, esou de Serge Wilmes weider.
"D’Resultat vun dëser COP ass net näischt, ma och net vill méi wéi näischt", seet iwwerdeems eng enttäuschten Directrice vun Natur a Ëmwelt.