"Net näischt, ma och net vill méi wéi näischt", sou d'Directrice Claudine Felten
"D'Resultat vun dëser COP ass net näischt, ma och net vill méi wéi näischt", seet eng enttäuschten Directrice vun Natur an Ëmwelt.
Ëmweltschutzorganisatiounen hate gefuerdert, datt de Budget fir Entwécklungslänner, fir de globale Süden substantiell gehéicht gëtt. Déi 300 Milliarden Dollar d'Joer, déi elo bei de Verhandlungen am Aserbaidschan erauskomm sinn, sinn aus der Siicht vun Organisatiounen, déi sech fir d'Ëmwelt asetzen éischter eng Drëps op de waarme Steen.
Wëssenschaftler hate méi wéi dat véierfacht gefuerdert. Vun 1,3 Billiounen Dollar d'Joer war am Virfeld vun der COP29 Rieds. Experte ware sech eens, datt déi Zomm gebraucht gëtt, fir datt d'Entwécklungslänner sech kënnen un de Klimawandel upassen.
D'Directrice vun Natur an Ëmwelt ass enttäuscht iwwer d'Resultat. "Elo ware mer zënter 2009 op 100 Milliarden. Bei de Verhandlungen op der COP ass erauskomm, datt et vun 2035 un 300 Milliarde sinn. Dat heescht, bannent 26 Joer ass dat bësse méi wéi en Inflatiounsausgläich."
Déi Enveloppe, op déi sech elo gëeenegt ginn ass, geet an den Ae vun der Claudine Felten einfach net duer. Déi räich Länner hätten eben aner Prioritéiten. Si géifen d'Suen, déi do sinn, anescht asetzen an zum Deel wieren einfach och net genuch Suen do. "Dat heescht, do feelt awer vläicht och de Wëlle fir ze kucken, wou een déi Sue siche geet. Dat ass awer och d'Hausaufgab gewiescht, schonn zënter enger Rei Joren, fir ze kucken, wéi een dee Budget kann opstocken, wou een déi Sue siche geet, mä dat ass eben net geschitt."
D'Claudine Felten huet d'Impressioun, wéi wann d'Urgence vum Klimawandel nach ëmmer net richteg ukomm wier. "En ass do! D'lescht Joer hate mer déi 1,5 Grad Erwärmung vu virum virindustriellen Zäitalter. All Zéngtel Grad, dee mer nach kënne verhënneren, datt d'Temperatur klëmmt, ass enorm wichteg. Mir haten elo d'Iwwerschwemmungen a Valencia, mir hu Bëschbränn iwwerall. Et ass eng Realitéit, déi warscheinlech awer net genuch iwwerall ze spieren ass."
Vläicht, seet d'Directrice vun Natur an Ëmwelt, wieren d'Regierungen am Allgemenge vläicht ze vill drop fixéiert, wat si an hirer Legislaturperiod kënne maachen an dobäi géife se Zukunft op méi laang Siicht vergiessen.
De Bilan vum Ëmweltminister Serge Wilmes fannt Dir hei.
Natur an Ëmwelt iwwer d’Reform vum Naturschutzgesetz
"Natur op Zäit" ass en Zerstéieren a Verdreiwen ouni Kontroll. Net d'Naturschutz-Gremien, mee d'Regierung huet un éischter Stell d'Zigelen an der Hand, wann et ëm de Schutz vun den Aarten a vun eisem Liewensraum geet. Déi éischt Presentatioun vum iwwerschafften Naturschutzgesetz léisst nach eng ganz Partie Froen op a wann Natur an Ëmwelt och d'Vereinfachung vun de Prozedure baussent de Bebauungspläng begréisst, ass d'Naturschutzorganisatioun awer skeptesch, z.B. wat d'Aféierung vum sougenannten "Natur op Zäit-Prinzip" ugeet.
An Zukunft gëllt, dass ee säi Bauterrain ka brooch leien an zouwuesse loossen a bannent 15 Joer kascht d’Ewechraséiere fir Bauzwecker da keen een Öko-Strofpunkt. "'Natur op Zait'... naja", fënnt Natur an Ëmwelt an ass géint dat net-Kontrolléieren, virum Zerstéieren a Verdreiwen. Och well dës Reegel réckwierkend soll applizéiert ginn. A well d’Zil jo e séiert Baue wier, géing sech d’Fro stellen, ob et iwwerhaapt virkéim, dass Natur op ville Bauterraine broochleie gelooss wäert ginn, denkt d’Claudine Felten, Directrice vu Natur an Ëmwelt.
Vulleschutzdirektiv um Préifstand?
Da schéngt d’Regierung un d'Vulleschutzdirektiv wëlle krazen ze goen, nom Modell: mat genuch Beem an enger Stad, brauch een op d’Juegdhabitater vun den europäesch-geschützten Aarten net méi opzepassen. Dat gëllt zum Beispill fir d’Schleiereil, déi no bäi an a Wunnzone bréit. Zerstéiert een hiren Habitat de chasse ouni ze kompenséieren, oder mat enger Kompensatioun iergendwou am Land, verdreift een dëse Vull ganz, fäert d’Naturschutzorganisatioun.
Mir wieren als Land verflicht, déi Aarten ze schützen. Vläicht géifen dës Punkte jo aus dem Gesetzesprojet erausgeholl. als Zivillgesellschaft hätte si jo och am "Observatoire de l’environnement naturel" an am "Conseil Supérieur pour la protection de la nature" e Wiertche matzeschwätzen.
Problemer géifen et dann awer och, wat d’Zesummenaarbecht mam Agrarsecteur ugeet, bedauert Natur an Ëmwelt. En Dialog tëscht Landwirtschaft an Naturschutz wier den Ament hei am Land inexistent.